
D'Nathalie Brachmond-Sutor an den Historiker André Grosbusch / © RTL/Bea Kneip
Den 19. Mee 1944 ass de Camille Sutor mat nëmmen 23 Joer a sengem Elterenhaus zu Iermsdref vun der Gestapo erschoss ginn.
En tragescht Enn fir dee jonke Mann, deen eigentlech geplangt hat, fir ze studéieren an e ganz normaalt Liewen ze féieren. Fir säin 80. Doudesdag ass hien elo a sengem Heemechtsduerf mat enger Plaquette geéiert ginn a mat dësem Buch, dat d'Erënnerung un deemools soll wakereg halen.
"Net ee vu villen", dat ass den Ënnertitel vun dësem Wierk, mat deem den Historiker André Grosbusch un deen eminente Resistenzler erënnert.
Wéi ee Courage de Camille Sutor hat, war fir sech géint d'Nazien ze stellen, awer och wéi vill Geschéck a Schlauheet néideg waren, fir den Alliéierte wichteg Informatiounen zouzespillen ouni sech erwëschen ze loossen, doriwwer hunn ech mech mam Auteur André Grosbusch a mat der Nathalie Brachmond-Sutor, der Enkelin vum Camille Sutor sengem Brudder Richard, ënnerhalen. Dësen Interview gouf de 6. Juni 2024 opgeholl, op den Dag genee 80 Joer nom D-Day an der Normandie.
