
© ZLS
Am Band 6 vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz kritt Dir 116 gehäerzte Wierder mat Ge- an -s zervéiert
Pressetext vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS):
Am Band 6 vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz gi Wierder an d'Vitrinn gestallt, déi mat engem ufänken a mat engem <-s> ophalen – wat d’Linguistinnen an d’Linguisten eng Zirkumfigéierung nennen: Gebësels a Gelaachs, Gepiddels a Gewulls.
Am Buch ginn 116 gehäerzte Wierder mat Ge- an -s presentéiert, flott illustréiert, mat engem oder e puer Beispillsätz ënnermoolt an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat.
De Minister seet a sengem Virwuert, datt dës Wierder „fir d’Lieserinnen an d'Lieser einfach nëmmen e puere Genoss“ sinn: „Gebratschs, Gefréckels, Geschnadders a Gezecks: Bei deene Wierder huet een direkt d’Situatiounen am Kapp, wou een se kéint héieren oder och selwer soen.“

Dës Bänn sinn an der Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz" schon erauskomm / © ZLS
Gedeessems, Gesolpertes, Gewurschtels – 116 gehäerzte Wierder mat Ge- an -s
Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 6
© Kulturministère, Lëtzebuerg 2024
10€
Redaktioun: Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
mam: Isabel Andrade Bento, Armand Becker, Josiane Boever, Alexandra Da Silva Gouveia,
Alexandre Ecker, Dr. Nathalie Entringer, Alex Gillander, Alexandre Haas, Sarah Hess,
Dr. Sara Martin, Dr. Sam Mersch, Dr. Christopher Morse, Dr. Sarah Muller, Helmuth Sperl,
Caroline Thill an Daniel Wagener
Theoreeteschen Deel: Dr. Caroline Döhmer
Koordinatioun: Armand Becker
Lektorat: Armand Becker, Josiane Boever, Alexandre Ecker, Marc Thommes,
Myriam Welschbillig, Marion Weydert
Editeur: ZLS a SCRIPT
Layout: Laurence Dostert
Dréckerei: Imprimerie EXEPRO, 1. Oplo
ISBN 978-2-9199644-6-8