"d'Gebuertsdagsparty" an "den neie Frënd" sinn zwee nei Bicher déi bei Atelier Kannerbuch erauskomm sinn.

Pressetext vun Atelier Kannerbuch:

De Pip an d'Posy an d'Gebuertsdagsparty
De Pip hat en extra schéine Gebuertsdagskuch fir seng Frëndin gebak.
Just an deem Moment, wéi en de Kuch op den Dësch brénge wëll,
ass e gestolpert... O mei!
Mee déi zwee Frënn fanne séier Léisungen,
fir awer nach e flotte Gebuertsdag zesummen ze verbréngen.
 
Eng Geschicht fir Kanner ab 2 Joer. 
Text: Camilla Reid
Illustratiounen: Axel Scheffler
ISBN: 978-2-919817-24-5
36 Säiten
 
De Pip an d'Posy an den neie Frënd
Wéi de Pip e neie Frënd fënnt,
fillt d'Posy sech zimmlech eleng. O mei!
Um Wee fir eng Glace ze kafen, erliewen de Pip, d'Posy an de Zac
eng Iwwerraschung, an déi dräi léieren,
wat et heescht, e richtege Frënd ze sinn.

Eng Geschicht fir Kanner ab 2 Joer.
Text: Camilla Reid
Illustratiounen: Axel Scheffler 
ISBN: 978-2-919817-25-2
36 Säiten