Am Kader vun der Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée hu bekannte Lëtzebuerger Auteure sech mam Thema Steen beschäftegt.

"Stein schreiben" E Gespréich mat 3 Lëtzebuerger Literat(innen)

De Robert Weis ass Paläontolog am Naturmusée, Schrëftsteller a Matgrënner vum Verlag Michikusa Publishing. Zesumme mam Davide Sapienza huet d'Buch "Rocklines. Un voyage géopoétique à travers la Minett UNESCO Biosphere" (éditions Phi, 2022) erausbruecht. A sengem aktuelle Buch "Yamabushi - La sagesse des montagnes" (Transboréal, 2025) erzielt hie vun enger vu senge Reesen a Japan.

D'Ulrike Bail schreift Gedichtbänn, déi sech allkéiers mat spezifeschen Theme beschäftegen. Fir hire Lyrikband "wie viele faden tief", dee ronderëm d'Thema "bitzen" opgebaut ass, krut si 2021 de Prix Servais. Dëse Band ass elo ganz rezent och op franséisch iwwersat ginn, mam Titel "point invisible" (Les éditions Blancs Volants, 2025). Hiren neiste Gedichtband dréit den Titel  "im halblichten geäst deines atems" (Conte Verlag, 2023).

De Bernd Marcel Gonner ass e Lëtzebuerger Schrëftsteller, deen an Däitschland lieft a schafft. Fir säi Kannerbuch "Pirat oder Seeräuber sterben nie" krut hien 2017 deen éischte Präis am nationale Literaturconcours. 2021 gouf hie mam "Deutscher Preis für Nature Writing" ausgezeechent. Säin neist Wierk ass d'Lauschterbuch fir Kanner "Allerhand! Frosch und Fant". (cclive 4 Kids).

D'Elise Schmit krut fir hiren Erzielband "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" 2019 de Prix Servais. Si ass och Iwwersetzerin, Literaturkritikerin a schreift fir den Theater. Bei eisem Gespréich konnt si leider net dobäi sinn, si huet awer um Event "Stein schreiben" dat de 4. Mäerz vum Naturmusée an Zesummenaarbecht mam CNL organiséiert gouf, deelgeholl an huet eng Auswiel vun onverëffentlechte Gedichter ronderëm d'Thema "Steen" virgedroen.

Wie sech d'Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée ukucke wëll, dee muss sech allerdéngs begannen, si ass just nach bis de 16. Mäerz ze gesinn!.

RTL

© MNHN