Eng spuenesch Schrëftstellerin, déi iwwer déi fréier DDR schreift, dat ass op den éischte Bléck ongewéinlech, et huet awer e Grond.

D'Aroa Moreno Durán ass 1981 zu Madrid gebuer an huet Journalismus op der Universidad Complutense de Madrid studéiert. No zwee Gedichtbänn a verschiddene Biografien huet si 2017 hiren éischte Roman "Die Tochter des Kommunisten" verëffentlecht, dee bis elo a siwe Sproochen iwwersat gouf. Domat huet si net just dee renomméierte Literaturpräis Premio El Ojo Crítico gewonnen, mä krut och vill Luef, ënner anerem vun der prominenter spuenescher Schrëftstellerin Almudena Grandes.

De Roman erzielt d'Geschicht vum Katia, d'Duechter vu spuenesche Kommunisten, déi virum Franco-Regime op Ostberlin geflücht sinn. Dat klengt Meedchen erlieft de Bau vun der Berliner Mauer mat, an déi Kontroll, déi den Arbeiter und Bauernstaat iwwer seng Bierger ausüübt. 1971 steet hatt virun der wichtegster Entscheedung vu sengem Liewen. Soll hatt bleiwen a sech weiderhin upassen, oder soll et e Schrëtt woen, vun deem hat weess, dass et en ni méi ka réckgängeg maachen?

D'Aroa Moreno Durán war op Invitatioun vum spuenesche Kulturzenter Círculo Antonio Machado viru kuerzem hei zu Lëtzebuerg an huet op e puer Froe geäntwert:

Fro: Du bass Journalistin, Dichterin an Autorin vun zwee Romaner an dräi Biografien. Du hues Biografië vun der Frida Kahlo, dem Federico García Lorca an Almudena Grandes geschriwwen. D’Almudena Grandes hues du souguer perséinlech kannt. Wéi sidd dir iech begéint a wéi een Afloss hat si op deng Aarbecht?

AMD: D’Almudena war an der Jury vum Präis "Ojo Crítico", deen ech 2017 fir "Die Tochter des Kommunisten" krut. Ech sinn hir dunn eng Kéier nomëttes an engem Bicherbuttek begéint an ech si bei si gaangen, fir hir Merci ze soen, dass si mäi Roman ënnerstëtzt huet. Esou hu mir eis perséinlech kennegeléiert. Duerno si mir eis ëmmer nees duerch d’Literatur begéint, et huet sech awer och eng Frëndschaft entwéckelt. Si huet meng Aarbecht doduerch beaflosst, dass si mir de Wee fräi gemaach huet. Op eng gewëss Manéier huet si mir eng Referenz ginn. Obwuel mäi Schreiwe ganz verschidde vun hirem ass, hu mir déi Gemeinsamkeet, dass mir eis fir déi méi marginal Geschichten aus der grousser Geschicht interesséiert hunn, fir déi Liewen, déi vun engem ongerechten an onvollstännegen offiziellen Narrativ an den Eck gedréckt ginn. Wéi ech "El corazón helado" (Das gefrorene Herz, e Roman vun der Almudena Grandes) gelies hunn, hunn ech mir geduecht, dass d’Literatur alleguer déi Geschichten erziele kann, déi mech interesséieren. Ausserdeem stoung d’Almudena an der Ëffentlechkeet an huet sech ëmmer engagéiert, och dat war immens wichteg fir mech.

Fro: "Et ass e perfekte Roman", dat huet d’Almudena Grandes iwwer däi Roman "Die Tochter des Kommunisten" geschriwwen. Et ass e ganz kuerzt Wierk, et si manner wéi 150 Säiten, op deenen s du e wéineg bekannte Kapitel vun der europäescher Geschicht erziels, déi vun de Spuenier, déi wärend der Franco-Diktatur aus Spuenien geflücht sinn, fir an Ostdäitschland an den Exil ze goen. Wéi bass du op dat Thema komm?

AMD: Ech hunn et 2014 entdeckt, wéi ech de Marcos Ana interviewt hunn. Hie war dee politesche Prisonéier, dee wärend der Diktatur vun allen déi längsten Zäit am Prisong verbruecht huet. Hien huet mir erzielt, dass nodeems hie fräigelooss gi war, déi Kommunistesch Partei hien aus Spuenien erausgeholl huet an dass hie verschidde Länner aus dem deemolege sowjetesche Block besicht huet. Esou ass hien och op Dresden komm, an huet e Grupp Spuenier kennegeléiert, déi do am Exil waren. Ech hunn doropshi weider Informatiounen zum Thema am Internet gesicht. Ech hu gesicht a gesicht, an ech hunn näischt fonnt. Et gouf keng historesch Trace, och an der Literatur war näischt ze fannen. A wann ee Journalistin ass, da versteet ee wéini et wichteg ass, eng Geschicht ze schreiwen. Op déi Manéier si verschidden interessant Aspekter zesummekomm, mat deenen ech mech scho beschäftegt hat: Den Exil, Mënschen, déi verdriwwe gi waren, d’Identitéit vun deejéinegen, déi hir Wuerzele verluer hunn, an Osteuropa.
Wann ech dorop zeréckkommen, wat d’Almudena iwwer mäi Roman gesot huet, da muss ech hir haut, aus der Perspektiv vun 2025, leider widderspriechen. Ech weess, dass de Roman net perfekt ass, ech gesi wou alleguer d’"Néit" verlafen.

Fro: Wéi hues du dech dokumentéiert? Schwätz du Däitsch?

AMD: Ech schwätzen Däitsch, mä ech hunn zënter zwanzeg Joer mat kengem méi d’Sprooch geschwat. Mä natierlech ass et fir mech keng onbekannt Sprooch. Ech hunn och an Däitschland gelieft, allerdéngs a Süddäitschland, a meng Famill huet vill Verbindunge mat deem Land. Ech hu mech a verschiddenen Etappen dokumentéiert. Fir d’éischt hunn ech alles gelies wat mir iwwer d’DDR an de Grapp gefall ass. Ech hunn déi Dokumenter gelies, déi ech konnt, ech sinn an d’Archive gaangen an ech hu gesicht a gesicht, fir och déi méi niewesächlech Detailer ze fannen, déi mer gehollef hunn, fir dass d’Säiten dëse sowjetesche Feeling sollte kréien. Ech sinn dräimol op Berlin gefuer iwwerdeems ech geschriwwen hunn. Op enger vun dëse Reese sinn ech zwou Frae begéint, Duechtere vu Spuenier, déi do am Exil waren. Dat war fundamental. Obwuel ech schonn ugefaangen hat mat schreiwen, hu si mir gehollef, ze verstoen, wat et bedeit, an enger Stad ze liewen an där et eng Mauer gëtt, a wou ee permanent iwwerwaacht gëtt. Och op esou Plaze geet d’Liewe weider.

Fro: Goufen et vill Spuenier an Ostdäitschland?

AMD: Dat ass net genee gewosst, well et feelen Donnéeën iwwer d’Exil vun de Spuenier am Ausland. Mä et gëtt gerechent, dass et ongeféier 300 Famillje waren. Wéi dës Mënschen an Däitschland komm sinn, dohanner stiechen heiansdo ongleeflech Geschichten, déi souguer ze vill onwarscheinlech sinn, fir se an engem Roman ze beschreiwen. Déi Leit, déi an der DDR ukomm sinn, hate meeschtens Verbindungen zur kommunistescher Partei.

Fro: Dat éischt Kapitel heescht "Jiddereen danzt gären de Lipsi" an den Titel vum 16. Kapitel ass "Kee wëll de Lipsi danzen". Wat ass de Lipsi a wat symboliséiert en an dengem Roman?

AMD: De Lipsi war en éischter braven Danz mat deem d’Regierung vun der DDR dem Rock 'n’ Roll entgéinttriede wollt. Eng Zort Gesellschaftsdanz mat engem klore Rhythmus. Doraus ass en typeschen Danz vum kommunisteschen Ostdäitschland ginn. Am éischte Kapitel mécht de spuenesche Kommunist de Radio un. Et leeft e Lipsi an zum Erstaune vun hiren zwou Duechtere fänken d’Elteren un dorop ze danzen. Am 16. Kapitel (dat ass och dat éischt Kapitel vum zweeten Deel vum Roman, dësen Deel spillt a Westdäitschland) danzt keen de Lipsi. Et ass eng Manéier, fir déi zwee däitsch Staate wéi zwou Säite vun enger Medail duerzestellen. Jo, et ass e Symbol, dat fir all déi Géigesätz steet, zwou grondverschidde Manéieren, fir d’Welt ze verstoen, zwee Systemer, déi wäit vuneneen ewech sinn, an déi awer aus deene selwechte Wuerzelen entstane sinn.  Et ass interessant, fir sech vun der Ideologie fräi ze maachen, fir ofzeweie wat et op der enger an op der anerer Säit gouf, wat Fräiheet bedeit a wéi wäit e Staat en Afloss op déi kulturell Imaginatioun vun de Mënschen huet.

Fro: Deng Romaner sinn a verschidde Sproochen iwwersat ginn, och op Däitsch. Weess du wéi "Die Tochter des Kommunisten" an Däitschland bei de Lieser ukomm ass?

AMD: Dat war wonnerbar. Ech hat esou meng Zweiwel an och e bëssen Angscht. Haaptsächlech, dass ech mech an iergendeppes geiert hätt oder net präzis genuch gewiescht wier. Ech wousst, dass ech a Spuenien keng Reaktiounen op esou Ongenauegkeete géif kréien, mä dass d’Lieser an d'Lieserinnen an Däitschland mech kéinten drop opmierksam maachen. Mä et gouf an Däitschland publizéiert an et ass och ganz gutt opgeholl ginn. Den Exil vu Spuenier an Ostdäitschland gëtt och an der däitscher Geschichtsschreiwung net thematiséiert. Ee Beispill fir e klengen Iertum, dee mir ënnerlaf ass, a wou ech enger Lieserin vu München dankbar sinn, dass si mech drop opmierksam gemaach huet: Et geet ëm e Geste vis-à-vis vun der Haaptpersoun, dem Katia, zu engem Moment wou hatt eng schwiereg Phas duerchgemaach huet. D’Lieserin sot mir: En Däitsche géif dir och an esou enger Situatioun nimools e Kuss op d’Stier ginn, héchstens géif en dir eng Hand op d’Schëller leeën. An der nächster Oplag hunn ech dat du geännert. Ech hu mir och Gedanken iwwer meng Beschreiwunge vun den Dierfer a Süddäitschland gemaach, ech hu gefaart ech kéint engem Cliché verfall sinn. An du sote meng däitsch Lieser: Nee, déi Beschreiwung ass ganz richteg esou.

Fro: Den Exil ass och en Thema an dengem zweete Roman "Ruths Geheimnis" (La bajamar) dës Kéier allerdéngs an engem ganz anere Kontext?

AMD: Esou ass et. Ee vun de Personnagen, d’Ruth (d’Bomi) ass e Kand vum Krich. Si war eent vun de méi wéi 3.000 Kanner, déi mat Booter aus dem Baskeland evakuéiert goufen, fir se virun de Bombardementer a Sécherheet ze bréngen. Vill vun deene Kanner sinn duerno zeréckkomm, anerer net, entweder well hir Eltere gestuerwe waren oder si der Opfaassung waren, dass hir Kanner an anere Länner e bessert Liewe fanne kéinten. Wéi ech "Ruths Geheimnis" geschriwwen hunn a mech mam Temoignage vun engem vun deene Kanner beschäftegt hunn, hunn ech eppes Wichteges geléiert. Den Exil kann an der Erënnerung vun engem Mënsch och eng schéin Zäit sinn. Mä et bleift ëmmer e fundamentalen Deel vun der Geschicht vun dëse Mënschen, déi gezwonge sinn, hir Heemecht ze verloossen: Et vergësst een et net, et verännert een an dat betrëfft och d’Identitéit vun de Mënschen an esou wäit wéi dës mat engem Territoire verbonnen ass.

Fro: Du bass amgaangen un dengem drëtte Roman ze schreiwen? Kanns du schonn eppes méi erzielen?

AMD: Ech schreiwen iwwer eng Episod, déi géint Enn vun der Franco-Diktatur spillt. Méi wëll ech nach net verroden, well ech ëmmer nach um Text schaffen. Fir mech ass et dee schwieregste Roman, deen, dee mech dozou bruecht huet, fir meng eege Relatioun mat eiser Geschicht ze hannerfroen. Et ass eng schwiereg Rees, mä ech léiere vill doraus.

Fro: Ass et déi éischte Kéier, dass du zu Lëtzebuerg bass?

AMD: Et war e ganz schéine Besuch. Et war déi éischte Kéier an ech hat ni dodru geduecht, fir op Lëtzebuerg ze kommen. Et huet mir gutt gefall, dass hei esou vill verschidde Kulture sech kräizen, d’Diversitéit a wéi d’Leit mat deene verschiddene Sproochen an Nationalitéiten eens ginn. Dës Enklav am Zentrum vun Europa, a viller Hinsicht d’Häerz vum westlechen Deel vum Kontinent. Ech hunn et genoss, an ech géif gären dem spuenesche Kulturzenter Círculo Antonio Machado villmools Merci soen fir d’Invitatioun.