Schmuggel a FrankräichZwee Männer mat iwwer 150 Dousen Dréintubak aus Lëtzebuerg festgeholl

RTL Infos
Zwee Männer am Alter vun 31 a 25 Joer goufen e Mëttwoch de Moien zu Crouy a Frankräich no enger Kontroll festgeholl, déi eng onerwaart Tournure geholl hat.
Symbolbild
© Gendarmerie de la Meuse

An der Mall vun hirem Gefier hunn d’Poliziste bei der Kontroll nämlech iwwer 150 Dousen Dréin-Tubak an enger Rei Zigarette-Staangen am Wäert vu ronn 4.000 Euro fonnt. Éischten Erkenntnisser no koumen d’Wueren aus Lëtzebuerg, wou den Tubak jo e gutt Stéck méi bëlleg verkaaft gëtt wéi a Frankräich.

Déi zwee Männer stinn am Verdacht, d’Produiten illegal weiderverkafen ze wëllen, wat als Schmuggel gëllt.

Den Duo koum an de Garde à vue. D’Ermëttlunge lafen, fir d’Ausmooss vun hiren Aktivitéiten a méigleche fréieren Trajeten z’ermëttelen. Déi franséisch Police weist dorop hin, datt den Import vun Tubak streng gereegelt ass an en Depassement vun der Limitt strofrechtlech poursuivéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO