Illegal mat iwwer 25km/h ënnerwee14 vu 15 elektresch Trottinettë bei der Kinnekswiss ware manipuléiert a goufe saiséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Parquet zu Lëtzebuerg matdeelt, huet d'Police en Dënschdeg 17. Februar eng grouss geziilte Kontroll vun elektreschen Trottinetten bei der Kinnekswiss an der Stad duerchgefouert.
© Police

Am Kader vun dëser Kontroll goufen am Ganze 15 elektresch Trottinetten iwwerpréift, bei verschiddenen technesch Modifikatiounen oder Mängel festgestallt g sinn, déi net konform mam Code de la route sinn. Et gouf ënner anerem festgestallt, datt e puer Trottinetten esou manipuléiert goufen, datt si déi erlaabte Maximalvitess vun 25 km/h iwwerschratt hunn. Als Konsequenz dovun goufen 14 Trottinetten saiséiert.

Der momentaner Reglementéierung no dierf eng elektresch Trottinett net méi séier wéi 25 km/h séier fueren. All Iwwerschreidung vun dëser Limitt, virun allem duerch eng bewosst Manipulatioun, féiert dozou, datt den Apparat net méi konform ass, et zu strofrechtleche Konsequenze féiere kann.

© Police

De Parquet erënnert drun , datt dës technesch Manipulatiounen de Risk vun Accidenter däitlech erhéijen. Bei Vitessen iwwer 25 km/h wier d’Stabilitéit vun dësen Apparater, hir Bremsleeschtung an de Schutz fir den Utilisateur net méi garantéiert. D’Gefor klëmmt natierlech, wann d’Gefierer och nach op Plazen ënnerwee sinn, déi vu Foussgänger genotzt ginn, wéi ënner anerem an ëffentleche Parke wéi der Kinnekswiss.

Déi festgestallte Verstéiss kënnen zu penale Sanktioune féieren an och Konsequenze fir souwuel erwuessen, wéi och mannerjärege Chaufferen hunn. Fir Mannerjäreger kéinten an sou engem Fall spezifesch juristesch Mesuren am Kader vum Jugendschutz ugewannt ginn.

De Parquet ënnersträicht, datt d’Verkéierssécherheet eng Prioritéit ass. D’Benotze vun enger elektrescher Trottinett erfuerdert de strikte Respekt vum Code de la route, genee esou wéi bei all anerem Gefier, dat am ëffentleche Raum ënnerwee ass. D’Net‑Anhale vun de Reegelen iwwer Vitess, obligatoreschem Ekipement oder d’Notzung setzt Leit, déi sech net dru halen, kloer engem juristesche Risiko aus.

Back to Top
CIM LOGO