
6 vu 9 Riicher vum Surpeme Court sinn der Meenung, datt ee vun de Gesetzer, dat den US-President Trump benotzt huet, fir d’lescht Joer d’Importer aus sämtleche Länner ze taxéieren, him d’Recht dofir net gëtt.
D’zousätzlech Tariffer op europäesche Stol oder Aluminium goufen op Basis vun engem anere Gesetz vum Trump imposéiert, esou datt déi awer Mol bestoe bleiwen.
D’Bourssen an den USA hunn awer scho Mol direkt positiv op d’Urteel vum Supreme Court reagéiert.
D’lescht Joer hat den US-President Steieren op Wueren agefouert, déi an d’USA importéiert ginn, mat der Begrënnung, datt dat d’amerikanesch Produktioun stäerke géif. Amplaz d’Zoustëmmung vum Kongress ze sichen, huet seng Administratioun sech ënner anerem op den International Emergency Economic Powers Act vun 1977 beruff. Mat dësem Gesetz konnt den Trump direkt Mesurë veruerdnen an de Kongress ëmgoen.
Am August 2025 huet en US-Appellsgeriicht decidéiert, datt déi meescht vun dësen Stroftaxen illegal wieren, si awer provisoresch a Kraaft gelooss. De Fall war beim Ieweschte Geriichtshaff gelant, nodeems d’Wäisst Haus dat gefrot hat.