No 22 Joer am ServiceLuxair-Maschinn kënnt net méi an de reguläre Fluchbetrib zeréck

François Aulner
Bei engem rezente Vol koum et zu engem Rass an der Fënster am Cockpit.
Op dëse Biller gesäit een d’Boeing mat der Kennung LX-LGQ, bei der Aweiung am Joer 2004.
© RTL

D’Luxair Boeing 737-700, déi den 9. Februar eng éischte Kéier wéinst engem Rass an der an enger Fënster am Cockpit zu Madrid gelant war amplaz um Findel, wäert “net an de kommerziellen Fluchbetrib zeréckkommen“. Dat huet ons d’Lëtzebuerger Airline e Freideg de Mëtteg confirméiert.

Der Luxair no wier d’Decisioun scho viru méi Méint am Kader vun der Planung vun der Flott getraff ginn. Se confirméiert, datt d’Maschinn zanter 22 Joer a Service war. D‘Decisioun se zeréckzezéien stéing “a kengem aneren Zesummenhang”. Op hirem Wee vu Madrid op Lëtzebuerg, zwee Deeg nom éischten Incident, war se awer och nach eng Kéier zu Bordeaux tëschegelant.

D’Boeing 737-700 NG géing net “verschrott” ginn, heescht et weider am Schreiwes vun der Luxair. Am Kader vun enger Ausphaséierung ass et üblech, datt eenzel Komponenten oder Systemer weider benotzt oder verkaaft ginn.

Back to Top
CIM LOGO