Buchtipp"Auch Affen fallen mal von Bäumen"

RTL Lëtzebuerg
"Dieses Buch ist Wortliebhabern gewidmet", schreift d'Ella Frances Sanders an der Preface. No Wierder an "Lost in Translation" geet et elo ëm Spréch.

Am Fong misst hiert Buch Dausende vu Säiten hunn an et misste ganz vill Bänn dovu ginn, schreift d’Autorin weider, esou vill flott Spréch géif et an de Sproochen op der Welt ginn.

D’Ella Frances Sanders aus Groussbritannien huet elo nogeluecht. Nom Bestseller “Lost in Translation”, an deem eng 50 “oniwwersetzbar Wierder” kuerz a knackeg virgestallt an illustréiert goufen (d’Buch gouf paradoxerweis an e sëlleche Sproochen iwwersat), geet si elo op keck Spréchwierder aus der ganzer Welt an: “Auch Affen fallen mal von Bäumen” ass den Titel vum neie Buch - et ass, wann een esou wëll, eng logesch Suite.

52 Spréch an Ausdréck sinn dran a wann een e Point commun sicht, esou d’Autorin, da wier dat wuel d’Natur. Ganz vill huelen dorop Bezuch, well dat eben d’Liewenswelt vun de Mënsche war, d’Äerd war de Repère, egal ob a Skandinavien oder an Afrika.

Dee Gedanke kann een iwwregens weiderspannen: Vill Sproochen, ganz vill Spréch, awer just eng Welt an och just eng Mënschheet.

Ufänken deet d’Buch iwwregens mat zwee franséischen Ausdréck: “Pédaler dans la choucroute” an “J’ai le cafard”.

Deen éischte weist op eng ganz flott a bildhaft Aart a Weis, wann d’Rieder duerchdréien, wann een net méi virukënnt, wann een net méi weider weess ... An de Sprooch soll souguer op den Tour de France zeréckgoen, heescht et am Buch: Op der Voiture Balai sollen an der Zäit nämlech besonnesch dacks Reklamme fir Sauerkraut, also Choucroute, drop gewiescht sinn.

De Cafard-Ausdrock soll op de Baudelaire zeréckgoen, op seng Gedichtsammlung “Les fleurs du mal”. Do soll d’Kakerlak fir Trauregkeet stoen a fir Verzweiwlung - a sou wéi si en Haus ugräifen, sou kënnen och däischter Gedanken a Gefiller e Gehir oder en Häerz attackéieren ...

Loscht op nach e puer Beispiller?

A Korea gëtt et dee flotte “Diktum": “Wann d’Kréi fortflitt, fält eng Bir vum Bam. E soll illustréieren, datt zwou Saachen zäitgläich geschéie kënnen an awer absolut näischt mateneen ze dinn hunn. Nawell sicht eist Gehir no kausalen Zesummenhäng, et spënnt sech eppes zesummen ... Dofir gëtt et souguer en extrat Wuert: Apophänie oder Musteritis ...

Op Serbesch kann een engem sengen Arroganz esou ausdrécken: E rappt mat senger Nues Wolleken op ...

Op Portugisesch gëtt et och eng Variant vun “Perlen vor die Säue werfen": En Iesel mat Biscuite fidderen ...

Op Spuenesch kann een een op besonnesch sympathesch Aart a Weis als säin Alter ego bezeechnen: Tu eres mi media naranja ... Du bass meng Orangenhallschent.

Multitasking soll sech op Indonesesch esou beschreiwe loossen: Wenn du schwimmst, trink Waasser ... Dat ass awer mat Virsiicht ze genéissen.

E flotte Sproch op Hollännesch, fir ze soen, datt eppes net passt: Ze kleng fir eng Dëschelduch, ze grouss fir eng Zerwéit.

An op Mandarin-Chinesesch kann ee soen “Päerd-Päerd – Tiger-Tiger”, wann een ausdrécke wëll, datt eppes esou lala ass.

An den Titelsproch?

“Och Afe falen heiansdo vum Bam” staamt aus Japan a soll weisen, datt jidderee mol e Feeler mécht - och deen, deen am beschte klamme kann, ka mol dernieftgräifen en eroftrëllen ... Op Laténgesch géif ee soen: Errare humanum est, iren ass mënschlech ... wat jo stëmmt, heiansdo berouegt a munchmol och géint en ze groussen Ego hëlleft ...

Praktesch Infoen a Pressetext

lla Frances Sanders:

Auch Affen fallen mal von Bäumen
Kuriose Sprichwörter aus der ganzen Welt

112 Seiten, durchgehend farbig illustriert

Originalverlag: Ten Speed Press, New York 2016
Originaltitel: The Illustrated Book of Sayings. Curious Expressions from Around the World

ISBN 978-3-8321-9938-8
Übersetzung: Marion Herbert i

In fünfzig Sprichwörtern um die Welt: Wissen Sie, wie es ist, im Sauerkraut zu radeln? Sind Sie auch schon mal mit dem Bart im Briefkasten erwischt worden? Oder fühlen Sie sich vielleicht manchmal wie ein Tintenfisch in einer Garage? Die Redewendungen, Sprüche und Sprichwörter in ›Auch Affen fallen mal von Bäumen‹ sind mal komisch, mal romantisch oder auch philosophisch, immer aber offenbaren sie die bemerkenswerte Vielfalt, den Humor und die Eindringlichkeit der Sprachen und Kulturen der Welt. Auf ihren Reisen um den Globus hat Ella Frances Sanders Redensarten gesammelt, die man im üblichen Sprachunterricht nicht kennenlernt. Es sind die Sprüche, die man erst dann versteht, wenn man in eine Kultur eingetaucht ist und in ihr lebt. Sie erzählen von Vögeln, Blumen und Seen. Reisenden Hasen und zerbrochenen Krügen. Kuchen und Wolken und Kürbissen. Sie wurden über Generationen weitergegeben, sie sind zeitlos und bezaubernd.

“Lost in Translation”

Dat éischt Buch vum Ella Frances Sanders war 2017 e Buchtipp an der Freidesronn. D’Buch stellt oniwwersetzbar Wierder aus der ganzer Welt vir.

RTL-ARTIKEL: D’Virstellung vun “Lost in Translation”.

Back to Top
CIM LOGO