Wéi déi däitsch Police schreift, koum et tëscht dem Industriegebitt Trierweiler a Sirzenich zu enger Frontalkollisioun tëscht zwee Autoen.
Dem däitschen Noriichtesite Input Presse no wier ee vun den zwee Autoen um Bord vun der Strooss un d’Stoe komm, deen anere wier an de Gruef geroden. Op der Plaz hätten Input Presse no dräi blesséiert Persounen aus de Gefierer kënne befreit ginn. Déi Blesséiert wiere vum Noutdokter vum Lëtzebuerger Rettungshelikopter versuergt an an e Spidol bruecht ginn.
U béide Gefierer soll en erhiefleche Schued entstane sinn.
D’Streck tëscht Trierweiler a Sirzenich ass bis op Weideres komplett gespaart.
Nieft dem Lëtzebuerger Rettungshelikopter waren och d’Police vun Tréier, d’Pompjeeë vun Trierweiler, Sirzenich, Newel a Welschbillig op der Plaz, souwéi d’Malteser vu Welschbillig an d’Beruffspompjeeë vun Tréier.