Formel 1Barcelona bleift am F1-Kalenner - Schlecht Nouvelle fir Spa

Serge Pauly
D’Formel 1 bleift dem Circuit vu Barcelona trei. De spuenesche Circuit wäert sech an Zukunft mat Spa-Francorchamps ofwiesselen.
D’Formel 1 bleift dem Circuit vu Barcelona trei. De spuenesche Circuit wäert sech an Zukunft mat Spa-Francorchamps ofwiesselen.
© AFP

2026 stinn zwou spuenesch Courssen am Formel-1-Kalenner: Barcelona a Madrid. De Grousse Präis vu Spuenien, deen zënter 1991 zu Barcelona doheem war, kritt zu Madrid en neit Doheem. Ronderëm d’Foireshale gëtt en neie Stadcircuit gebaut. Madrid soll op d’mannst bis 2035 am Kalenner bleiwen. D’Course zu Barcelona heescht dëst Joer offiziell “Grousse Präis vu Barcelona-Katalounien”. Dëse spueneschen Double soll awer keng eemoleg Affär bleiwen.

De Circuit vu Barcelona konnt konnt d’F1 nämlech dovunner iwwerzeegen, och an Zukunft all zwee Joer a Katalounien ze passéieren. De Kontrakt gouf fir 2028, 2030 an 2032 verlängert. Méiglech gouf dat, well de Circuit seng Infrastrukture konsequent moderniséiert huet, beispillsweis mat engem neie “Rooftop Hospitality Club” a Solarpannoen ronderëm déi ganz Streck. Der Formel 1 gefält et och, dass déi lescht zwee Joer a Barcelona selwer ee grousse Fanfestival organiséiert gouf, deen d’“Fan Experience” verbessert hätt.

Dass Barcelona op d’mannst hallef am Kalenner bleift, zerstéiert wuel och déi leschten Hoffnungen um Circuit vu Spa-Francorchamps. Scho méi laang ass gewosst, dass de Grousse Präis vun der Belsch no 2027 op een Zwee-Joers-Rhythmus wiessele soll. Mee déi belsch Organisateuren hunn ni verstoppt, dass si léiwer all Joer dobäi wieren. Och um Ardennen-Circuit gouf an d’Infrastrukturen investéiert. Elo ass et offiziell, dass Barcelona a Spa sech an Zukunft ofwiessele mussen: déi ongerued Joer gëtt an de belschen Ardennen gefuer, déi gerued Joren a Katalounien.

Back to Top
CIM LOGO