RIPDe Robert Duvall ass am Alter vu 95 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den Hollywoodstar soll e Sonndeg friddlech a sengem Doheem zu Middleburg am Virginia gestuerwe sinn, esou eng Matdeelung vu senger Fra Luciana Pedraza.
© GEOFF ROBINS/AFP

Den Duvall war virun allem bekannt fir seng Rollen an de Filmer “The Godfather”, “Apocalypse Now” an “Tender Mercies”.

Fir “Tender Mercies” krut hien 1983 den Oscar als beschten Haaptacteur. Am “The Godfather” huet hien d’Roll vum Tom Hagen gespillt an domat seng éischt vun am Ganze siwen Oscar-Nominatioune kritt.

Zu senge weidere bekannte Filmer zielen ënner anerem “The Great Santini”, “Network”,” Lonesome Dove” an “The Judge”, fir deen hien nach am héijen Alter eng weider Oscar-Nominatioun krut. Nieft senger Aarbecht als Acteur war hien och als Regisseur a Produzent aktiv, ënner anerem mam Film “The Apostle.”

Eng offiziell Trauerfeier ass net virgesinn. D’Famill rifft dozou op, säi Liewen ze éieren, andeems een “e gudde Film kuckt, eng flott Geschicht erzielt oder d’Schéinheet vun der Natur genéisst.”

© MICHAEL BUCKNER/Getty Images via AFP

Back to Top
CIM LOGO