E Méindeg ass de Matthieu Osch bei den Olympesche Wanterspiller am Slalom zu Bormio op déi 28. Plaz gefuer. D’Goldmedail ass un de Loïc Meillard gaangen, dee sech virum Fabio Gstrein aus Éisträich (+0.35s) an dem Norweger Henrik Kristoffersen (+1.13s) behaapte konnt. De Mat-Favorit Atle Lie McGrath ass am zweeten Duerchgang net an d’Zil komm.
Nodeems de Matthieu Osch e Samschdeg am Riseslalom op déi 46. Plaz gefuer war, stoung elo nach de Slalom zu Bormio um Programm. Anescht wéi nach de Weekend huet de Lëtzebuerger Schifuerer et e Méindeg de Moien am éischten Duerchgang an d’Top30 vu knapp 100 Fuerer gepackt, dat ënner anerem och well vill Konkurrenten et net an d’Zil gepackt haten. Duerch seng 28. Plaz am éischte Laf ass hien am zweeten Duerchgang als Drëtten un den Depart gaangen. Och hei ass et em gelongen, den Iwwerbléck ze behalen an huet sech no der Arrivée vun de Spectateuren an och virun den Ae vum Grand-Duc Henri, feiere gelooss. Um Enn sollt et dann och bei senger staarker 28. Plaz bleiwen
Och d’Gwyneth ten Raa ass en Mëttwoch nach eemol um 10.00 Auer an um 13.30 Auer am Slalom am Asaz.