

D’Liewensweeër vum Smitha, Giulia a Sarah kéinten net méi ënnerschiddlech sinn. Während d’Sarah zu Montreal als Staraffekotin gutt situéiert ass, huet d’Giulia zu Palermo hir fest Platz am Familjebetrieb, der leschter Parréckefabrik an der Stad. an d’Smita, huet net grad dat grousst Lous gezunn, si lieft an Indien, gehéiert zu der niddregster Kaste a muss d’Exkrementer vun anere Leit entsuergen. Déi dräi Frae verbënnt hire Liewenswëllen, hir Energie an de Widderstand géint d’Ëmstänn.
Deen Text um Cover war Grond genuch fir mech fuerwetzeg ze maachen, an d’Buch ze liesen.
All eenzel vun deenen dräi Frae kämpft ëm Unerkennung, Gesondheet, déi beschten Ausbildung fir d’Kand oder déi gläich Rechter fir Fra a Mann, arem a räich an alleng dat ass grandios. Zemools well et ëmmer a Bezuch zu de Liewesëmstänn an deem jeeweilege Land ass. De Wiessel tëscht der aarmer Smita an der räicher Karrierefra Sarah ass zwar e Kulturschock, ma trotzdem beréiert d’Geschicht een direkt. D’Smita ass eng staark Fra déi kämpft dass hiert Meedche Lalita an d’Schoul ka goen, an d’Kraaft an de Courage fir géint déi indesch räich Iwwermuecht ze goen, léisst een net kal. Beim Sarah brauch een e bësse méi Gedold, well wat t’éischt als zimlech iwwerflächlech dohinner plätschert, entwéckelt sech am Endeffekt dann awer zum Kampf. Eng Fra muss hire mann stoen am Job. Krankheet, Kanner a feele gëllen als Schwächt a ginn deementspriechend jugéiert. A genee esou ass en um Enn dann och beim Giulia, wat een an d’Staune bréngt, an d’Geschicht relativ kuerzweileg mécht.
Titel a Coverbild representéieren och super déi dräi Geschichten déi an dräi eenzel Sträng da wéi en Trëtz herno matenee verbonne sinn. Passend och den Inhalt vum Buch. An déi Verflechtung herno ass genee dat wat ech un esou Bicher immens gären hunn. Firwat a wéi déi Trëtz um Enn entsteet, dat verroden ech iech elo hei net, dat musst der scho selwer liesen, ma eent ass sécher, de Roman huet eng ganz aussergewéinlech emotional Handlung.