Nei um Bichermaart"D'Geschicht vum Kiewerlek - A História da Carochinha"

RTL Lëtzebuerg
D'Buch vum Liliana Miranda sprécht Kanner an 3 Sproochen un: lëtzebuergesch, däitsch a franséisch.

Hei déi offiziell Matdeelung vum Verlag:

Op lëtzebuergesch:

Wie wëllt bestueden d’Joffer Kiewerlek?
Si ass gescheit an huet de schéinste Flillek.

D’Geschicht vum Kiewerlek ass ouni Zweifel dat bekannst Mäerchen aus Portugal; esou bekannt, datt den Ausdrock „história da carochina“ (Geschicht vum Kiewerlek) Synonym ginn ass vu Mäerchen.

Mat dësem Kannerbuch proposéiere mer net nëmmen eng nei Interpretatioun vun dësem grousse Klassiker vun der portugiseschsproocheger Literatur, mä och eng Iwwersetzung an dräi Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.

Iwwersetzung: Liliana MIRANDA
Illustratiounen: Daniela GUEDES
ISBN 978-99959-899-8-9
56 Säiten
1. Oplo: Januar 2018
Format: 210 x 210 mm
Sproochen: Lëtzebuergesch, Portugisesch, Däitsch,
Franséisch
EUR 15.00

Op portugisesch:

Quem quer casar com a Carochinha
Que é esperta e perfeitinha?

A História da Carochinha é sem dúvida o mais popular dos contos portugueses; tão popular que a expressão “história da carochinha” se tornou sinónimo de conto de fadas.

Com este livro infantil, propomos não só uma reinterpretação deste clássico da literatura lusófona, mas também uma tradução para três línguas: luxemburguês, alemão e francês.

Tradução: Liliana MIRANDA
Ilustrações: Daniela GUEDES
ISBN 978-99959-899-8-9
56 páginas
1. edição: janeiro de 2018
Formato: 210 x 210 mm
Línguas: luxemburguês, português, alemão, francês
EUR 15.00

Hei e puer Infoen zu der Autorin:

D’Daniela ass eng jonk Zeechnerin aus Portugal. Et studéiert Graphikdesign a moolt a schreift a senger Fräizäit BDen.

D’Liliana huet 2014 de Lilu Verlag gegrënnt. Et schreift am allerléifste Bicher fir déi Kleng a fir déijéineg, déi wëlle Lëtzebuergesch léieren.

PDF:

Back to Top
CIM LOGO