SNHBM-Residenzen um KierchbiergProblemer mat geféierleche Balcone solle geschwë behuewe ginn

Marc Hoscheid
Lisa Weisgerber
Zanter 2,5 Joer besteet d'Gefor, datt Stécker eroffalen a Leit blesséieren. D'Gespréicher tëscht der SNHBM an der Constructiounsfirma sinn elo awer op der leschter Ligne droite.
SNHBM-Residenzen um Kierchbierg
Zanter 2,5 Joer besteet d’Gefor, datt Stécker eroffalen a Leit blesséieren. D’Gespréicher tëscht der SNHBM an der Constructiounsfirma sinn elo awer op der lesch

Virun zimmlech genee engem Joer hu mer fir d’Lescht iwwert de Fall vun dräi Residenzen um Kierchbierg bericht, déi am Optrag vun der Société Nationale des Habitations à Bon Marché, kuerz SNHBM, opgeriicht goufen a bei deenen Deeler vun de Balconen erofzefalen dreeën. Am September 2023 waren nämlech effektiv Stécker vun engem Balcon an ee Gaart gefall. D’Awunner kruten dowéinst geroden, net méi op hier Terrassen a Balconen ze goen. Och 2,5 Joer méi spéit huet sech op deen éischte Bléck nach ëmmer net ganz vill un der Situatioun geännert.

Clava, Leonis a Meïssa, sou heeschen déi dräi Residenzen um Kierchbierg, ronderëm déi lo schonn zanter e puer Joer Gittere stinn an wou d’Entrée eng Zort Tunnel ass, well d’Gefor besteet, datt Stécker vun de Balconen eroffalen. D’Aarbechte goufen net vun der SNHBM selwer duerchgefouert, mee vun enger auslännescher Sous-traitance-Firma am Optrag vun der Lëtzebuerger Constructiounsfirma CLE. Nodeems d’Problemer mat de Balcone bekannt goufen, gouf ee Geriichtsexpert beoptraagt, fir eng Expertise ze maachen. Et hätt een zwar ni gewollt, datt den Dossier viru Geriicht lant, well et soss nach vill méi laang dauere géing, mee fir e bëssi Drock op CLE ze maachen a sécher ze sinn, datt d’Expertise net viru Geriicht verworf gëtt, gouf op ee Geriichtsexpert zeréckgegraff.

Dat hätt sech zwar zimmlech gezunn, mee mëttlerweil géing d’Resultat virleien, esou den SNHBM-Direkter Guy Entringer. “Also ech mengen, wann eng Zill eroffält, ass et kloer, datt net alles riicht gelaf ass a mir hunn ebe lo probéiert doraus ze léieren, mat hinnen zesummen. A wichteg ass ze soen, mir fannen eng Solutioun, wou d’Leit näischt musse bezuelen, mir deelen d’Fraise mam Constructeur op an dat Wichtegst fir d’Leit ass, datt se ee Balcon hunn, dee se rëm kënne benotzen an datt d’Gebai fäerdeg ass, ouni Risiko.”

D’Zesummenaarbecht mat der Constructiounsfirma wier an Tëschenzäit och konstruktiv. “Mir sinn amgaangen, déi technesch Pläng auszeschaffen, zesumme mat hinnen, déi dann nach mussen iwwerpréift gi vu verschiddene Bureaux de contrôle zum Beispill. A wann dat alles de Feu vert kritt huet, da gëtt ee Balcon, gëtt ee Mock-up souzesoe gemaach, fir eng Kéier ze testen, wéi déi Solutioun soll ausgesinn a wann dat och realiséiert ass, da muss och d’Copropriétéit gefrot ginn, ob dat hiren Accord fënnt. A wann deen Accord och do ass an all d’Instanze ginn hire Feu vert, da wäerte mer dat zäitno, sou schnell wéi méiglech, ëmsetzen.”

Och wa just vun engem Balcon Stécker erofgefall sinn, kënnt déi technesch Solutioun bei ronn 90 Balconen zum Asaz. Ee mëndlechen Accord wier fonnt, mee et feelt nach un enger Ënnerschrëft, wuel och dowéinst wëllt de Guy Entringer nach kee geneeën Zäitplang nennen. Och wann een elo um gudde Wee ass, stellt sech d’Fro, ob déi concernéiert Constructiounsfirma fir d’Zukunft op eng Zort gro Lëscht kënnt? “Bah, mir mussen eis un d’Gesetz vum Marché publique halen an de Fait, datt mer lo an engem Dossier Problemer hunn, ass net onbedéngt ee Krittär, fir se kënnen auszeschléissen, sou datt déi Firma nach ëmmer ka matmaachen.”

Den SNHBM-Direkter wëllt d’Gesetz zwar net weider bewäerten, mee et wier awer kloer, datt et engem d’Liewen net méi einfach géing maachen.

Interessant ass nach ze ernimmen, datt direkt nieft deenen dräi betraffene Gebaier aner Residenze leien, wou d’Balcone wéi bei enger Zort Konschtprojet agepaakt sinn. Och dat sinn SNHBM-Wunnenge, bei deenen et Problemer gëtt, allerdéngs kënnen d’Leit hei hir Balconen a Terrasse benotzen. Ma och wann d’Problemer anerer sinn, d’Constructiounsfirma ass déi selwecht.

© Marc Hoscheit

Fir d’Leit aus an de Residenze gëtt de Frust ëmmer méi grouss, et géif elo awer scho laang daueren. De Roberto, deen an engem vun de Gebaier wunnt, erkläert, dass fir si d’Situatioun nach ëmmer déi selwecht wier, d’Awunner kéinte weder Gaart nach Balcone benotzen, well et ze geféierlech wier. Si géifen net wëssen, wéi laang déi ganz Situatioun nach undauere wäert, well si kee genauen Datum kommunizéiert kréichen. Elo besteet eng reegelméisseg Kommunikatioun tëschent der SNHBM an den Awunner vun de Residenzen, dës hätt de Roberto no awer laang gedauert a wier vu Säite vum Promoteur net op eng proaktiv Aart a Weis entstanen. D’Awunner misse wierklech hannert dem Syndicat an der SNHBM hir sinn, fir dass dës och klappt. Elo kréien d’Awunner awer ee Mol am Mount een Update vum Promoteur wou si dru sinn.

Back to Top
CIM LOGO