
“Au milieu de l’hiver, j’apprenais enfin qu’il y avait en moi un été invincible”. Dëse Saz vum Albert Camus war den Ausgangspunkt fir den neie Roman vun der chilenescher Schrëftstellerin Isabel Allende, den haut eist Buch vun der Woch ass. An der däitscher Iwwersetzung ass en elo ënnert dem Titel “Ein unvergänglicher Sommer” erauskomm. D’Bea Kneip stellt Iech e vir.
“Au milieu de l’hiver, j’apprenais enfin qu’il y avait en moi un été invincible”. Dëse Saz vum Albert Camus war den Ausgangspunkt fir den neie Roman vun der chilenescher Schrëftstellerin Isabel Allende, den haut eist Buch vun der Woch ass. An der däitscher Iwwersetzung ass en elo ënnert dem Titel “Ein unvergänglicher Sommer” erauskomm. D’Bea Kneip stellt Iech e vir,
“Ein unvergänglicher Sommer” spillt zu Brooklyn, an zwar am Wanter matzendran an engem uerge Schnéistuerm. Eng kleng Téitsch um Glatäis féiert dräi Mënschen zesummen déi just op den éischte Bléck ganz verschidde sinn. D’Evelyn, e guatemaltekescht Kannermeedchen, dat sech ouni Pabeieren an den USA ophält, den Akademiker Richard, dee säi Liewen perfekt organiséiert huet, a sech keng Iwwerraschunge wënscht, an d’Lucia, eng gebierteg Chilenin a Mataarbechterin vum Richard, déi am selwechten Haus wunnt. Kuerz nom Accident steet d’Evelyn op eemol beim Richard virun der Dir: an hirer Mall läit nämlech eng Läich. Bei d’Police goen ass an hirer Situatioun onméiglech an esou mussen déi dräi alles doru setzen fir d’Läich lasszeginn. Wien d’Isabel Allende kennt, weess dass een sech vun hir kee Krimi erwaarde sollt, an dat ass “Ein unvergänglicher Sommer” och net. Duerch Réckblenden gi mer no an no méi iwwert d’Protagoniste gewuer. Iwwert d’Evelyn, dat eng laang a beschwéierlech Rees aus sengem Duerf am Guatemala hannert sech huet, op der Flucht virun der Mara Salvatrucha, enger vun deene brutaalste Banden a Mëttelamerika. Iwwert de Richard, de Jong vun engem jiddesche Papp den an Däitschland gebuer gouf, an dem 1940 d’Flucht iwwert dee grousse Pull gelonge war. A schlussendlech iwwert d’Lucia, dat sech nom Militärcoup vun 1973 an déi venezolanesch Botschaft zu Santiago de Chile rette konnt, an dem säi Brudder zu den Desaparecidos, de Verschwonnenen, gezielt huet. Dat de Personnage vum Lucia si selwer géif duerstellen, dat wëll d’Isabel Allende net gëlle loossen. Dass awer vill perséinleches an dësem wéi am Fong an all hire Romaner stécht, ass onbestridden. D’Themen vu Flucht a Migratioun, déi d’Autorin jo selwer erlieft huet, sinn a praktesch all hire Bicher präsent. D’Schrëftstellerin, déi den 2ten August hire 76ste Gebuertsdag gefeiert huet, huet awer och eng besonnesch glécklech Fieder wann et drëm geet fir iwwert d’Léift ze schreiwen. An dësem Fall d’Léift tëscht zwee net méi sou ganz jonke Mënschen, déi d’Hoffnung net opginn, an déi hire Summer och bei Schnéi an Äis genéisse kënnen.
D’Isabel Allende huet d’Aarbecht un hirem 19te Roman den 8te Januar 2016 ugefaangen, sou wéi se traditionell all hir Romaner op engem 8te Januar ufänkt. Fir si perséinlech war et no der Trennung vun hirem zweete Mann eng schwéier Zäit. Hirt Talent als Erzielerin huet se doriwwer awer net verluer, ganz am Géigendeel. An si bréngt et ëmmer fäerdeg fir an hire Romaner no un der Aktualitéit ze sinn, och dës Kéier ass dat net anescht. Schonn alleng dowéinst ass „Ein unvergänglicher Sommer“ et derwäert fir gelies ze ginn.
“Ein unvergänglicher Sommer” vun der Isabel Allende ass op Däitsch am Suhrkamp Verlag erauskomm.