
Déi meescht Bicher déi hei zu Lëtzebuerg erauskommen, si jo op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch. Et gëtt awer och ëmmer méi op Englesch geschriwwen, an zënter bal 2 Joer gëtt et mat “Black Fountain Press” e Verlag dee sech op engleschsproocheg Literatur spezialiséiert huet. An hirer neister Publikatioun “Fresh from the Fountain - English Writing in Luxembourg” fënnt ee Gedichter a kuerz Prosatexter vun net manner wéi 29 Auteuren. D’Bea Kneip erzielt Iech méi.
.
D’Sprooch vum Shakespeare ass jo scho laang zu enger Lingua Franca ginn, déi iwwerall op der Welt präsent ass. Och hei zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi Englesch geschwat a geschriwwen. Eenzel Lëtzebuerger Auteuren wéi zum Beispill de Pierre Joris oder d’Claudine Muno hunn hunn dat Englescht och scho méi laang als Literatursprooch entdeckt. An der neier Anthologie “Fresh from the Fountain - English Writing in Luxembourg” sinn si natierlech vertrueden, nieft villen aneren. Wien sech fir Lëtzebuerger Literatur interesséiert, dierft vill vun den Nimm erëmerkennen, Auteuren déi ee gewinnt ass op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch ze liesen, an déi elo mat enger neier Sprooch experimentéieren.
D’Texter sinn esou verschidden wéi d’Fiederen aus deenen se gefloss sinn, si spillen zu Lëtzebuerg, an Däitschland, an den USA, an Irland oder am Bangladesh, et si Gedichter oder Kuerzgeschichten, geschriwwe vu 14 Fraen a 15 Männer. Eenzel Auteuren hätt een sech nach dobäi gewënscht, wéi zum Beispill déi 3moleg Gewënnerin vum nationale Literaturconcours, d’Anna Leader, mä et kritt een op alle Fall eng Iddi wat déi engleschsproocheg Literatur och hei am Land, ze bidden huet. Wat d’Texter ugeet, do huet sécher jiddereen seng Preferenzen, déi di bei mir en Androck hannerlooss hunn, sinn ënner aneren “Mother of the groom” vun der Ruth Dugdall, “By Train” vun der Françoise Glod oder och nach d’Gedicht “A&E” vum James Leader. Alleguer kann een se net opzielen. Fazit, et ass derwäert fir sech d’Buch ze kafen a sech selwer e Bild ze maachen.
“Fresh from the Fountain- English Writing in Luxembourg” ass bei Black Fountain Press erauskomm.