Fuesent 2026Wou a wéini si Kavalkaden uechter Lëtzebuerg?

Samantha Weber
Och dës Fuesent kënne sech d'Fuesboken nees op eng Rëtsch Kavalkaden uechter d'Land freeën.
Op der Péitenger Kavalkad 2025
© Commune de Pétange / Laurent Blum

Um Fetten Donneschdeg goung et lass mat der Fuesent. Fir den Optakt ass e Sonndeg de 15. Februar déi traditionell Dikrecher Kavalkad, déi gäre mol 40.000 Fuesboken an d’Ieselsstad zitt. Eng Woch méi spéit geet et dann direkt weider mat der Schëfflenger Kavalkad. Am Mäerz kënne sech d’Fuesboken op e Weekend voller Kavalkade freeën: ugefaange mat der Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg samschdes Owes, éier ee sonndes nach emol verkleet zu Réimech oder zu Péiteng ka feieren. Speziell fir déi Jonk gëtt et dann och eng Kanner-Kavalkad zu Keel. An zu Clierf gëtt dëst Joer déi zweet Editioun vun der Nuetskavalkad organiséiert. Opgepasst fir verschidde Kavalkade braucht Dir en Entréesticket!

Hei d’Iwwersiicht vun de Kavalkaden zu Lëtzebuerg:

Wou?Wéini?Zousatzinformatioun:
Dikrech

15.2 - 14 Auer

www.cavalcade.lu

Schëffleng

22.2 - 15.11 Auer

Facebook Event Schëfflenger Kavalkad

Esch

1.3 - 14.30 Auer

Facebook Escher Fuesent

Clierf (Nuetskavalkad)

7.3 - 18.11 Auer

Facebook Event Cliärrwer Naatskavalkad

Keel (Kanner-Kavalkad)

8.3 - 14.30 Auer

schungfabrik.lu

Waasserbëlleg (Nuetskavalkad)

14.3 - 18.11 Auer

bratzelgecken.lu

Réimech

15.3 - 14.30 Auer

cavalcade-remich.lu

Péiteng

15.3 - 14.11 Auer

kagepe.lu

Mir hunn eng Kavalkad vergiess? Da schéckt eis d’Uertschaft, den Datum an d’Auerzäit per Formular hei drënner eran:

Impressioune vun zejoert




Back to Top
CIM LOGO