
E Méindeg ass en Zuch am Süde vun der Schwäiz entgleist, wéi déi regional Police matdeelt. Dobäi sollen op d’mannst fënnef Leit blesséiert gi sinn, 30 weider Persoune goufen iwwerdeems aus dem Zuch evakuéiert, wéi d’AFP op Nofro confirméiert krut.
Eng vun de blesséierte Persounen huet missen an d’Spidol bruecht ginn. De Virfall huet sech géint 7 Auer no villem Nei-Schnéi an der Géigend vu Goppenstein zougedroen, en Duerf op 1.216 Meter héicht. Den Zuch ass entgleist kuerz nodeem en aus dem Lotschberger Zuch-Tunnel rauskoum.
Den Zuch-Exploitant Schweizerische Bundesbahnen (CFF) huet op senger Internetsäit matgedeelt, datt den Zuch-Verkéier tëscht Goppenstein a Brig ënnerbrach wier, dat wéinst enger Lawin. Dës soll och en Deel vun der Haaptstrooss tëscht dem Lötschental a Goppenstein blockéiert hunn.
Well weider Gefor vu Lawine besteet, goufe Journalisten ugewisen, d’Plaz vum Accident ze verloossen.