Lecture vun heiheemFrontalier.ières: E Stéck vum Jean Portante an eng Konferenz an der Rotonde

Bea Kneip
"Frontalier" sou heescht en Theaterstéck aus der Fieder vum Jean Portante. "Les frontalières - Die Grenzgängerinnen" ass e Stéck vun der Sophie Langevin.

D’Sophie Langevin an de Jean Portante wäerten de 25ste Mäerz un enger Konferenz deelhuelen, wou se iwwert hir ënnerschiddlech Siichtweisen op dat Thema schwätze wäerten.

D’Frontalieren: Si sinn eng 200000 déi all Dag iwwert d’Grenz op Lëtzebuerg schaffe kommen. Mat der Pandemie huet sech och fir si villes verännert, mä d’Konzept vun der Grenz gouf et ëmmer nach. “Frontalier.ières Questions de visibilisations et d’invisibilsations” sou heescht eng Konferenz déi en Donneschdeg 25ste Mäerz an de Rotonden ofgehale gëtt. Nieft den Theaterauteuren Sophie Langevin a Jean Portante kënnt och den Historiker Denis Scuto ze Wuert, dee sech mam Thema Grenzen beschäftegt huet. Grenzen déi trennen, Grenzen déi een iwwerschreide kann, an eng Portioun Zoufall deen ëmmer seng Hand am Spill huet.

“Frontalier.ières Questions de visibilisations et d’invisibilisations” gëtt organiséiert an Zesummenaarbecht tëscht der Uni Lëtzebuerg, dem Institut Français, de Rotonden an dem Observatoire du Milieu Littéraire franco-luxembourgeois. Moderéiert gëtt d’Soirée op Lëtzebuerger Säit vun der Jeanne Glesener an der Tonia Raus vun der Uni Lëtzebuerg. Si kommen och am Podcast zu Wuert, grad esou wéi de Jean Portante dee vu séngem Monolog “Frontalier” erzielt, an den Acteur Jacques Bonnaffé dee mat senger Performance am TNL de Public begeeschtert huet.

E Stéck vum Jean Portante an eng Konferenz an der Rotonde

Link op de Site vum Observatoire du milieu littéraire franco-luxembourgeoisLink op de Site vum TNL

Back to Top
CIM LOGO