MeteoLuxE Sonndeg ass mat tëscht 2 a 7 Zentimeter Schnéi ze rechnen

Kevin Kayser
Wärend e Samschdeg nach eng Alerte Jaune fir de Süde gëllt wéinst méiglechem Héichwaasser, esou gëllt fir e Sonndeg fir dat ganzt Land déi selwecht Aläerte wéinst Schnéi.
Schnéi zu Nidderpallem.
© Eric Heimermann

Nach bis 16 Auer e Samschdeg huet d’MeteoLux eng Alerte Jaune fir de südlechen Deel vum Land erausginn, datt wéinst dem Risiko vun Héichwaasser. Vum Waasserwirtschaftsamt huet et e Samschdeg de Moie scho geheescht, datt d’Alerte bis am Nomëtteg géife bleiwen, dono géifen d’Peegelen awer falen. D’Temperature leien tëscht -1 a 4 Grad.

D'Previsioune fir dëse Weekend.
D’Previsioune fir dëse Weekend.
© MeteoLux

Fir e Sonndeg da besteet vu 15 Auer un eng nei Alerte Jaune, dëst wéinst méiglechem Schnéi. Am Schnëtt, esou den nationale Wiederdéngscht, wäerten am ganze Land tëscht 2 a 4 Zentimeter Schnéi falen. Plazeweis an haaptsächlech op den Éisleker Koppe kënnen awer esouguer 7 Zentimeter Schnéi erofkommen. Et ass awer och net ausgeschloss, datt plazeweis manner oder guer kee Schnéi leie bleift. D’Temperature leien tëscht -4 Grad an der Nuecht a maximal 3 Grad am Dag.

Am Ufank vun der Woch gëtt et eng Mëschung tëscht liichtem Schnéireen e Méindeg, liichtem Reen en Dënschdeg a liichtem Schnéi e Mëttwoch, wärend d’Temperature sech bei ëm de Gefréierpunkt bis maximal 6 Grad wäerten apendelen, esou MeteoLux.

Back to Top
CIM LOGO