
An de leschten Deeg krut d’Police verschidde Bedruchsversich gemellt, bei deene déi Onéierlech de Geldautomat esou manipuléieren, datt d’Kaart vum Client dra stieche bleift. Doropshi gëtt de Client vun enger Persoun, déi virgëtt, hëllefen ze wëllen, opgefuerdert, de PIN-Code vun hirer Kaart nees anzeginn, fir dës nees fräizeschalten, wat awer net klappt. Allerdéngs erméiglecht dat den Onéierlechen, fir un de PIN-Code vun hirem Affer ze kommen, an deem se zum Beispill och d’Tastefeld manipuléiert hunn.
Esoubal de Client de Bankomat da verléisst, gëtt hir Kaart vun de Kriminellen agezunn a si kënnen elo Sue vum Compte ophiewen.
D’Police erënnert drun, datt ee bei Virgäng u Bankomater ëmmer soll sécherstellen, datt d’Feld, wou ee säi Pin agëtt, fir keng aner Persoun siichtbar ass. Falls eng Kaart blockéiert ass an se net méi vum Bankomat erausgespaut gëtt, soll een ni säi PIN aginn, esou wéineg wéi een dëse soll un eng aner Persoun weiderginn.
Sollt d’Kaart vum Bankomat agehale ginn, soll ee se direkt blockéieren, entweder iwwert Hotline vu Worldline (00352 49 10 10) oder iwwer d’App vun der eegener Bank.
Leit, déi Affer vun engem Bedruch goufen oder eppes Opfälleges bemierkt hunn, solle sech direkt bei der Police mellen.