Éischt Andréck vun der PlazDéi 58. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad ass lancéiert

Christophe Hochard
Zanter 1978 organiséieren "D'Eselen aus der Sauerstad Dikrich" déi bekannt Kavalkad an der Brauereisstad.

Mam Ëmzuch zu Dikrech fänkt haut d’Saison vun de Kavalkaden zu Lëtzebuerg un. Et ass fir déi 58. Kéier, dass an der Ieselsstad eng Kavalkad organiséiert gëtt. Op enger Längt vun zwee Kilometer passéieren 52 Gruppen: Ze Fouss oder mat engem dekoréierte Won. Eng 1.800 Leit huelen um Cortège deel. Wärend dem Ëmzuch wäerten eng fënnef Tonne Séissegkeete verdeelt ginn.

40.000 Fuesgecke waren zejoert op Dikrech komm, fir sech den Ëmzuch net entgoen ze loossen. Dëst Joer fänkt de Cortège eng hallef Stonnen éischter un, also schonn um 14 Auer All weider Ännerungen an de ganze Planning vun der Kavalkad fannt Dir hei.

Am Joer 1870 gouf eng éischte Kéier eng Kavalkad zu Dikrech organiséiert. Am Februar 1978 gouf den Organisatiounscomité “D’Eselen aus der Sauerstad Dikrich” an d’Liewe geruff. Si sinn och nach haut fir d’Organisatioun vun der Kavalkad responsabel.


Weider News zum Sujet

Back to Top
CIM LOGO