Buch vun der Woch"Into the water" vum Paula Hawkins

RTL Lëtzebuerg
2015 war hire Roman "The Girl on the train" déi grouss Revelatioun an e weltwäite Bestseller, deen och verfilmt gouf.

Mä kann een dat nach toppen? Nodeem dat éischt Buch, dat déi englesch Journalistin Paula Hawkins publicéiert hat, se direkt zum internationale Shooting-Star an der Krimi-Literatur gemaach hat, gouf mat Spannung op dat Zweet gewaart. An et ass ee sech eens, och dee Krimi huet et a sech.

“Into the water” spillt an der fiktiver, englescher Stiedchen Beckford, an déi d’Jules Abbott nees zeréckkënnt, nodeems se jorelaang fort war. Fräiwëlleg kënnt se net heem. Hir Schwëster Nel ass op tragesch Manéier ëm d’Liewe komm an hannerléisst eng Duechter am Teenageralter, d’Lena. Wuel fillt sech d’Jules net, ëmmerhin deit alles drop hin, datt d’Nel sech d’Liewe geholl huet an nach Deeg vridrun der Schwëster e Message hannerlooss huet. Mä déi huet, wéi bei alle Messagë vridrun, net reagéiert.

D’Nel ass erdronk. Ass se an d’Waasser gaangen, vun de Fielsen an de Floss, dee ronderëm Beckford leeft, gefall, gesprongen oder gestouss ginn? Et gi vill Froen, net nëmmen ronderëm deen Doudesfall, et schéngt wéi wann am Floss ëmmer nees Fraen hiert Liewe loossen, déi sech gesellschaftlech gewiert hunn oder opgefall sinn. Net laang virum Nel gouf et den trageschen Doud vum 15 Joer ale Katie, der beschter Frëndin vum Lena. Och deen Doud ass net gekläert a rappt eng ganz Famill an déi ganz Stad an Trauer.

Interessanterweis ass et just d’Nel Abbott gewiescht, déi am meeschte Froen dozou gestallt huet, mä och schonn iwwer fréier Doudesfäll recherchéiert hat. Dorënner och dee vum Lauren, déi virun 30 Joer erdronk ass an d’Mamm vum zoustännege Police-Inspekter war.

Fir d’Jules ass de Wee heem e Wee zeréck an d’Vergaangenheet, an där nach villes ze kläre wier. Mä net nëmmen d’Jules plot sech mat däischtere Geheimnisser, an alle betraffene Famillen oder och an der Schoul gi Saache vertuscht an net ausgeschwat.

Mä ëmmer méi Stëmme kommen op, aktueller a vergaangener. Souguer de Floss schéngt matzeschwätzen.

“Into the water” liest sech d’selwecht gutt, wéi “The Girl on the train”, d’Paula Hawkins erzielt hire Roman nees aus der Vue vu verschiddene Personnagen, bei deenen een als Lieser, lues awer sécher entdeckt, datt jiddereen eppes ze verstoppen huet, eppes ze verschaffen huet. Kee seet ëmmer d’Wouerecht a jiddereen schleeft Scholdgefiller mat sech erëm. Besonnesch intressant, datt bei sechs vun dëse Persounen an der Ech-Form erzielt gëtt, wat engem als Lieser natierlech vill intressant Perspektiven opmécht, mä ob een domadder der Léisung méi no kënnt an op all Froen eng Äntfert kritt, da sollt Dir da scho selwer liesen.

“Into the water” ass a verschidde Sproochen iwwersat ginn, déi franséisch Versioun “Au fond de l’eau” ass bei Sonatine erauskomm.

Buch: “Into the water” Paula Hawkins

Back to Top
CIM LOGO