
An Zukunft muss een awer och de ‘Ruby Namdar’ ernimmen, deen elo mat sengem Roman « La Maison de ruines » eng batterbéis awer och extrem witzeg Ofrechnung mat enger ganz bestëmmten Intelligenzia an enger spezieller Form vum amerikaneschen Dram virleet. De Lucien Czuga huet « La Maison de ruines » gelies.
AUDIO: 02/10/2018 Buch vun der Woch Lucien CzugaDen Andrew Cohen kann zefridde sinn. Als foffzegjährege jiddeschen Intellektuellen huet hien alles wat e Mann wéi hien sech vum Liewe kann erwaarden : e prestigiéise Posten als Professer op der renomméierter New York University, eng Wunneng op der ugesoten Upper West Side, e schreift Gaaschtbeiträg am lénksliberalen « New Yorker » an an der « New York Review of Books », versteet sech gutt mat senger Ex-Fra an huet, wéi kéint et anescht sinn, eng vun senge jonke Studentinnen als Frëndin. Natierlech gëtt hien och op all Vernissage vu bedeitende Kënschtler invitéiert an ass Dauergaascht am Theater an an der Oper.
Mä dës Erfollegsgeschicht gëtt op eemol abrupt ënnerbrach wéi hien net déi Promotioun op der Uni kritt, déi hien sech eigentlech erwaart hat an déi hien och fir total legitim hält. Gläichzäiteg kritt hien sech mat senger Ex-Fra Linda béis an d’Hoer a mat senger Frëndin Ann-Lee leeft et am Bett och net méi sou gutt wéi virdrun. Ausserdeem verleeft eng vun deene villen Charity-Partyen, op déi hien invitéiert gëtt, a wou aflossräich New Yorker gebiede ginn fir gutt Wierker ze spenden, esou dekadent, datt den Andrew sech komplett degoûtéiert op eemol Froen iwwert den eigentleche Sënn vun sengem Liewe stellt.
Gläichzäiteg leid hien ëmmer méi ënner geeschtege Flashen wou sech Zeenen aus der jiddescher Relioun an Horrorvisiounen aus der Geschicht a vum Holocaust mëschen. Schliisslech gesäit et esou aus, wéi wann d’Liewe vum Här Professer Andrew P. Cohen géif ferm aus dem Rudder lafen…
Als Professer fir jiddesch Literatur a Spezialist fir talmudesch a biblesch Texter hätt ee kee bessere wéi de Ruby Namdar kënne fannen, fir dës Saga iwwer en agebilten, mat sech selwer zefriddenen Personnage ze schreiwen, dee mat senger reliéiser, perséinlecher an intellektueller Identitéit op eemol op Krichsfouss steet, wann net méi alles esou leeft, wéi hien sech dat virstellt an erwaart. A villen Hinsichten erënnert « La Maison de ruines », deen am Original « The ruined house » heescht, u Wierker vum Philip Roth a ganz besonnesch un « The bonfire of the vanities » vum Tom Wolfe. An duerfir kann ech jidderengem, deen no engem brillant geschriwwenen, extrem intelligenten an ausserdeem nach immens witzege Roman sicht, La Maison de ruines nëmme wäermstens un d’Häerz leeën.
« La Maison de ruines » vum Ruby Namdar ass op Franséisch bei Belfond erauskomm