Buch vun der Woch"Lästige Liebe" vum Elena Ferrante

Raphaëlle Dickes
„Lästige Liebe“ vum Elena Ferrante huet 206 Säiten a gouf vum Suhrkamp Verlag nei erausbruecht.

Mat hirer 4deeleger neapolitanescher Saga huet d‘Elena Ferrante sech en Numm gemaach. Besser gesot e Pseudonyme. Iwwer dee vill spekuléiert gëtt, wee reell hannendru stécht. Elo huet de Suhrkamp Verlag der Schrëftstellerin hieren Debut „amore molesto“ lästige Liebe vun 1992 op Däitsch erausbruecht.

Vill gouf schonn iwwer dem Elena Ferrante seng Identitéit gerätselt. Fir eng Lieserin wéi mech, déi d‘neapolitanesch Saga an elo och “amore molesto” verschlongen huet, steet fest: d‘Fra - wann et dann eng ass, well souguer doriwwer gouf scho spekuléiert - d’Schrëftstellerin muss bal an de 50er 60er Joren an den aarme Véirel vun Neapel opgewuess sinn. E roude Fuedem dee sech duerch all hir Bicher zitt... An enger Welt wou d‘Camorra regéiert, d‘Fra als mannerwäerteg ugesi gëtt an d‘Gewalt den Alldag bestëmmt. Baussent a bannent den eegene 4 Maueren.

A genee an dës Zäit muss d‘Delia sech zwangsleefeg zréck versetzen wéi hir Mamm Amalia am Mier erdrénkt. Eigentlech war di eeler Fra ënnerwee vun Neapel op Roum, fir mam Delia säi 45te Bday ze feieren. Si sollt ni an der italienescher Haaptstad ukommen.

Dass d‘Delia en zwiespältegt Verhältnis zu senger Mamm huet, weist sech schonn op den 1te Säiten. D‘Virfreed iwwer der Amalia hir geplangte Visite hält sech a Grenzen. D‘Nouvelle vun hirem Dout ass wuel e Schock. Awer iergendwou och eng lästeg Affär, well d‘Delia an hir al Welt zréck gezu gëtt. Sech der Vergaangenheet stelle muss. Der Relatioun vun hiren Elteren. Engem gewalttätege Papp, dee vu senger Fra verlooss gouf. Séier gëtt kloer, dass et dem Delia vu Kand un u Verbonnenheet mat der Mamm gefeelt huet. Firwat dës net zustane koum, ass schwéier soen. D‘Delia schéngt et selwer net ze wëssen. D’Gefiller fir hir Mamm schwanken tëscht Léift a regelrechtem Haass.

Huet e gewëssene Caserta domadder ze dinn? En ale Bekannte vum Papp, dee bei der Trennung vun den Elteren schéngt eng Roll gespillt ze hunn. An dee sech viru kuerzem nees am Amalia sengem Liewe etabléiert huet...

Gewollt oder ongewollt, kënnt d‘Delia dem Rätsel vun de vergaangene 40 Joer op d‘Spuer. An entdeckt dobäi eng batter Wourecht an der hatt selwer eng Haaptroll spillt.

De Wee dohinner ass knaschteg, emotiounsgelueden. A genee esou rau, reell an intensiv vermëttelt d‘Elena Ferrante dem Delia seng Gefillswelt am Buch. Eng Konscht, déi si exzellent beherrscht. D‘Lecture muss ee sech wëllen undinn. Entspanend ass se net.

An Géigesaz zur neapolitanescher Saga gëtt et an „lästige Liebe“ quasi keng schéi Momenter. Keng Säite wou de Lieser sech e bëssen erblosen an Hoffnung sammele kann. E fiktive Roman, oder e Buch inspiréiert un enger richteger Geschicht? Fraen mat enger Vergaangenheet wéi dem Delia seng, ginn et der sécher och am richtege Liewen. Wahrscheinlech vill ze vill. D’Manéier wéi d’Elena Ferrante erzielt ass esou reell, dass een net derlaanscht kënnt sech ze froen, ob si och eng Betraffen ass... Gewollt oder ongewollt, d‘Anonymitéit vun der Schrëftstellerin léisst all dës Spekulatiounen op.

Mat hirer 4deeleger neapolitanescher Saga huet d‘Elena Ferrante sech en Numm gemaach. Besser gesot e Pseudonyme. Iwwer dee vill spekuléiert gëtt, wee reell hannendru stécht. Elo huet de Suhrkamp Verlag der Schrëftstellerin hieren Debut „amore molesto“ lästige Liebe vun 1992 op Däitsch erausbruecht.

Back to Top
CIM LOGO