
Et ass e Buch, dat déi arabesch Kultur, déi muslimesch Welt an den Koran op eng historesch Aart a Weis a mat der néideger Distanz kuckt.
Eist Buch vun der Woch „Le messager“ vum Kader Abdolah ass eigentlech keen neit Buch mä gouf elo 2018 op franséisch iwwersat. E Buch wat déi arabesch Kultur, déi muslimesch Welt an de Koran op eng historesch Aart a Weis a mat der néideger Distanz kuckt, d’Tiffany Saska huet et gelies
Den Zayd gouf vum Muhammad am Alter vu 7 Joer adoptéiert. Hien entwéckelt séier eng enk Bezéiung zu sengem neie Pap a gëtt säin treie Begleeder a méi spéit deen, deen iwwer hie schreiwe soll. Wéi hien nämlech stierft, huet de Zayd eng ganz kloer Missioun. All déi Zeechen a Revelatiounen, déi de Muhammad als Gesandte vum Allah kritt huet, sammelen an an engem Buch zesummenzedroen - dem Koran. Dofir soll hie fir seng Recherchen duerch d’Land reesen. No engem Joer ass de Koran dann och fäerdeg, trëfft awer op ganz vill Kritik bei den Muslimen. Seng Aufgab ass domadder also nach net ofgeschloss.
Hie mécht sech nach eng Kéier op d’Rees fir mat Frënn, Bekannten, Philosophen an awer och Feinden an d’Gespréich ze kommen, fir esou schlussendlech en detailléiert Bild vum Liewe vum Prophet kënnen z’erzielen. Ugefaangen als klenge Geméisvendeur um Maart gouf mat der Zäit kloer, dass hien de Prophet ass. An dem Zesummenhang erzielt den Zayd dem Muhammad säi Liewe vun Ufank bis zum Schluss, an domadder och d’Verwandelung vun engem opmierksamen a respektvolle Mënsch hin zu enger gewaltbereeter an despotescher Persoun. Nodeems den Text iwwerschafft gouf, fënnt den Koran awer vill Uklang.
Den Auteur Kader Abdolah huet sech also entscheet, d’Geschicht vum Muhammad aus der Perspektiv vum Zayd z’erzielen. Dobäi soll dem Lieser awer keng Visioun opgezwongen oder him eng Iddi an de Kapp gesat ginn. D’Erzielung léisst Plaz fir datt jiddereen sech säin eegent Bild maache kann. D´Geschicht gëtt un Hand vun enger fiktiver Erzielung erkläert, an erméiglecht esou e verständlechen Zougang zu all deem, wat beschriwwe soll ginn. An éischter Linn wollt nämlech och den Auteur sech eng schrëftstellerech Fräiheet oppen halen. Onofhängeg vun de perséinlechen Iwwerzeegungen, déi hei keng Roll spillen, mécht den Auteur eng Dier op, fir datt all Lieser sech e Bild ka maachen.
Ech hu mech awer als éischt missen un de Schreifstil gewinnen an hunn um Ufank kee richtege Bezuch zum Text fonnt. Dësen ass vum Auteur awer ganz bewosst esou lyresch an dichterech gewielt, datt ee sech muss drop aloossen. Fir mech war et awer schwéier bis zum Schluss duerzehalen an dat ass fir mech éischter e Minuspunkt. Am Géigesaz dozou läit d´Stäerkt vum Buch fir mech am Inhalt. Ob ee wëll oder net, verschidden thematesch Aspekter am Buch si vun Ufank un negativ belaascht. Dofir mécht et ëmsou méi Freed dësen Deel vun der kultureller Geschicht op eng ganz aner Manéier z’entdecken.
De Kader Abdolah, deen 1954 am Iran gebuer gouf, a sech aktiv an der Resistenz vun de Studenten zu Teheran bedeelegt huet, huet missen 1985 flüchten a koum an Holland. De Koran huet hien ni wierklech gelies, mä duerch säi Buch „Le Messager“ huet hie säi ganz eegenen Zougang zu dëse Schrëften an der Geschicht dohannert fonnt. Schonn ëmmer huet hien op hollännesch geschriwwen a wollt och dëst Buch op hollännesch schreiwen, wat sécher och eng gewësse Symbolik huet, well hie bewosst mat engem Bléck vu bausse wollt schreiwen.
D´Buch ass u sech vun 2008, ma et gouf 2018 eréischt an d’Franséisch iwwersat. Iwwregens gouf et am Ganzen an iwwer 20 Sproochen iwwersat.
Et gehéiert zu enger Kategorie Bicher, déi ech soss éischter net liesen, mä wie sech awer fir déi arabesch Welt, déi muslimesch Bevëlkerung an d’Entsteeung vum Koran interesséiert, an oppen ass mol Neies ze entdecken, ka sech hei sécher inspiréieren.