
Derbäi koum, dass et och op anere Plazen an Europa geschneit huet, firwat verschidde Flich hu mussen deviéiert oder carrement ganz annuléiert ginn. 17 Flich, déi eigentlech am Laf vum Owend um Findel hätte solle landen, ware concernéiert an 18, déi sollte fortfléien. D’Luxair huet wëssen gedoen, dass eleng 7 Trajeten op hirem Plang hu mussen annuléiert ginn.
Mä och aner Gesellschaften, wéi d’Ryanair, Easyjet, British Airways, oder KLM ware betraff. Meteo-bedéngte Problemer gouf et e Sonndeg och op de Flughäfe vun Amsterdam, Paräis, Mailand oder Wien.