Buch vun der WochMaja Lunde: Die Geschichte des Wassers

RTL Lëtzebuerg
D'Buch ass an der däitscher Iwwersetzung bei btb erauskomm.

“Die Geschichte der Bienen” war de groussen internationalen Duerchbroch fir déi norwegesch Schrëftstellerin Maja Lunde, déi bis dohinner haaptsächlech Kanner a Jugendliteratur geschriwwen huet. An hirem Bestseller hat si sech mat engem aktuellen Ëmweltthema beschäftegt, dat se op dräi Niveauen ugepaakt an an dräi verschidden Zäiten geluecht huet. Elo koum en zweete Roman am selwechten Esprit eraus. “Die Geschichte des Wassers” spillt och op zwee Pläng 2017 an 2041 a paakt en Thema un, dat engem méi no geet, wéi engem léif ass.

2017 mécht sech déi bal 70 Joer al Ëmweltaktivistin Signe mat hirem Boot “Blau” op eng abenteuerlech Rees mat enger fragiler Fracht u Bord Richtung Frankräich fir do dee Mann zu Rieds ze stellen, deen eemol d’Léift vun hirem Liewe war an deen se an hirem ganzen Aktivismus vergiess an aus Enttäuschung verlooss hat. Grond dofir ass e Gletscher an hirem Heemechtsland Norwegen, deen ëmmer méi ausdréchent a verschwënnt an deen och vu räiche Geschäftsleit aus der ganzer Welt als PR-Aktioun ausgenotzt gëtt fir dat frëschsten Gletscher-Äis bei déi coolsten Cocktailen an de modernste Baren an Hoteller op der ganzer Welt ze zerwéieren.
Op hirer ganz mouvementéierter Rees erënnert sech d’Signe awer ëmmer nees un hir Kanner- a Jugendzäit, wou se materlieft huet wéi hiren engagéierte Papp an hir méi pragmatesch Mamm sech ëmmer nees wéinst Ëmweltthemen zerstridden an um Enn getrennt hunn.
Déi zweet Geschicht spillt 2041 a Frankräich an engem Lager, wou Mënschen op hirer Flucht vrun der Dréchent am Süden vun Europa, ënnerkommen an hoffen nach e puer rationéiert Liewesmëttel a Waasserfläsche ze kréie fir hire Wee an de killen a méi fiichten Norden vun Europa ze maachen.
Ënnert dëse Flüchtlingen sinn och e jonke Papp, den David a seng Duechter Lou, déi all Dag op d’Rout Kräiz Statioun froe ginn, ob d’Anna an den August, d’Fra an de klenge Bouf vum David, ukomm sinn oder anzwousch gemellt sinn. Éischter wëlle si net weider. D’Situatioun am Lager ass ëmmer méi schwéier z’erdroen. Déi permanent Hëtzt an de Mangel u Waasser, deen net nëmmen d’Gesondheet mä och d’Hygien ugräift, léisst och schlecht Stëmmung a Spannungen ënnert de Leit opkommen. Fir seng Duechter ofzelenken, trëppelt den David mat hir duerch d’Ëmgéigend a kuckt an Haiser, Häff a Gäert, déi scho laang vun hire Proprietäre verlooss goufen. An engem Gaart entdecke si ënnert enger Baatsch e Boot, dat gutt agepaakt ass, mä an deem nach intressant Material ze fannen ass. Eng kleng Oas an enger verdréchenter Natur, déi kaum Aussichten op en normaalt Liewe bitt.

“Die Geschichte des Wassers” wiesselt vu Kapitel zu Kapitel d’Protagonisten an d’Zäit. Wiesselt tëscht Signe an David hin an hier an tëscht hiren Erliefnesser, Emotiounen, Entscheedungen an Iwwerzeegungen. Bei béiden steet eppes am Mëttelpunkt: de Kampf ëm d’Waasser: déi eng, déi et schütze wëllt, deen aner deen et fanne wëllt fir iwwerhaapt kënnen z’iwwerliewen. A genau sou wiesselt een als Lieser mat vun engem Gedankegaang an den aneren a vun engem Gemittszoustand an deen aneren.

D’Maja Lunde huet e ganz direkt Sprooch, déi een erreecht a beréiert an engem d’Biller aus hirer Geschicht quasi an de Kapp setzt. Net ëmmer déi einfachst Biller. Si loossen een u Flüchtlingscampe vun haut denken oder u Klimaprognosen, déi ee sech léiwer net weiderdenke wëll. Ma schonn eléng de Schluss bei deem, déi zwou Geschichten sech fannen an ergänzen, ass et derwäert, datt een dëst Buch gelies huet. Och wann et un d’Geschicht vun de Beien net erukënnt, wéi et heescht. Mä dat hunn ech nach net gelies. Op alle Fall steet dat elo uewen op menger Lëscht.

BvdW: Maja Lunde “Die Geschichte des Wassers”

Back to Top
CIM LOGO