
Spéitstens zënter en 1995 säi Roman”Der Vorleser” erausbruecht huet, ass de Bernhard Schlink net nëmmen am däitschsproochege Raum, mä och wäit doriwwer eraus bekannt ginn. 2008 ass “The Reader” dann och verfilmt ginn,mam Kate Winslet a Ralph Fiennes an den Haaptrollen. Dem Bernhard Schlink säin neitste Roman dréit den Titel “Olga” an erzielt d’Geschicht vun enger aussergewéinlecher Fra. D’Bea Kneip huet d’Detailer
.
“Sie macht keine Mühe,am liebsten steht sie und schaut.” Die Nachbarin, bei der die Mutter die Tochter abgab, mochte es erst nicht glauben. Aber so war es.
D’Olga kënnt ausgangs vum 19te Jorhonnert zu Breslau op d’Welt. Nodeems hat fréi seng Eltere verluer huet, wiisst et bei senger Bomi op, an engem klengen Duerf a Pommern. Mat hir gëtt et ni esou richteg waarm, an och zu de Kanner am Duerf fënnt hat ugangs net dee richtegen Drot. Mat enger Ausnam...
Kaum konnte er stehen, wollte er auch schon laufen. Weil es ihm nicht schnell genug ging, wenn er Schritt vor Schritt tat, hob er einen Fuss an, ehe er den anderen abgesetzt hatte, und fiel hin. (...) Aufstehen, hinfallen , aufstehen – er machte ungeduldig und unverdrossen weiter. Er will nicht gehen, er will rennen, dachte seine Mutter, die ihm zusah, und schüttelte den Kopf.
Sou verschidden wéi hir Charakteren, ass och hir sozial Positioun. D’Olga kënnt aus einfache Verhältnisser, den Herbert ass de Jong vun engem räichen Zockerfabrikant. Trotzdem ginn déi 2 onzertrennlech, dacks ass och dem Herbert seng Schwëster Viktoria mat dobäi. Aus der Kannerfrëndschaft gëtt eng Léift, mä dem Herbert seng Elteren si géint e Bestietnis.
Iwwerdeems d’Olga sech säin Dram erfëllt, a Léierin gëtt, mécht den Herbert sech op fir d’welt ze gesinn. En engagéiert sech am Militär, verbréngt e puer Joer an der deemoleger Kolonie Däitsch Südwest-Afrika, reest duerch Finnland, Brasilien, Argentinien a Sibirien. Mä säi groussen Dram läit an der Arktis, en dreemt dovun fir d’Nordostpassage ze fannen, d’Verbindung tëscht dem Atlantik an dem Pazifik. Dovun kann en och d’Olga, mat dem en sech ëmmer nees trëfft, net ofbréngen. Am Summer 1913 geet en op déi grouss Rees.
Fir d’Olga geet d’Liewe weider, duerch 2 Weltkricher, Bommen a Flucht .
Den zweeten Deel vum Buch spillt nom zweete Weltkrich, d’Olga bessert seng kleng Pensioun mat Bitzaarbechten op. Dësen Deel gëtt aus der Perspektiv vum Ferdinand erzielt, engem Jong fir dem seng Famill si heiansdo schafft. Tëscht deenen 2 entsteet eng Frëndschaft, an et ass och hien deen d’Bréiwer fënnt, déi d’Olga deemools un den Herbert geschriwwen hat, an aus deenen den 3ten Deel vun Roman besteet. An dat ass och de Punkt, wou mer dem Olga eréischt wierklech méi no kommen; wou mer en Abléck an d’Gefillswelt vun enger Fra kréien, déi hiert Liewen an allen Aspekter gemeeschtert huet, ouni jemols eppes no baussen ze weisen.
D’Geschicht vum Olga a vum Herbert ass eng Geschicht vun de Géigesätz; sou verschidde si als kleng Kanner waren, sou verschidde ginn si un d’Liewen erun. D’Olga weess wat hat wëll , hat steet zu sengen Iwwerzeegungen a léisst sech vu kengem draschwätzen, den Herbert dogéint sicht säi ganzt Liewe laang ouni jeemools ze wëssen wat en eigentlech fanne wëll.
De Succès vun “Der Vorleser” wäert de Bernhard Schlink mat “Olga” wuel net widderhuele kënnen. Trotzdem léisst een dës Rees duerch déi däitsch Geschicht net onberéiert. Just de Schluss wëll net esou richteg bei de Personnage vum Olga passen. Mä dat muss all Lieser fir sech decidéieren.
“Olga” vum Bernhard Schlink ass bei Diogenes erauskomm.