Lecture vun heiheemWat gëtt et Neits um Bichermaart? (Deel 1)

RTL Lëtzebuerg
Wat dëser Deeg alles un neien, interessanten a liesenwäerte Bicher an de Librairien ausläit, dat huet d'Bea Kneip fir Iech zesummegestallt.
© RTL/Bea Kneip

Wann et dobausse kal, fiicht an ongemittlech gëtt, da brauch een dach virun allem eent: dat richtegt Liesfudder. An dat gëllt scho fir déi Klengst.

“Bim an Anna, eng kleng Geschicht vum Groussginn”, sou heescht dat éischt Kannerbuch vun der Olga Reiff. Déi gebierteg Eisterräicherin schreift iwwert e klenge Jong dee sech partout net wëll hëllefe loossen, bis en da versteet, dass alles alleng ze maachen, och net ëmmer Spaass mécht. Em Frëndschaft an een dem aneren hëllefen, geet et och an “So mol, Lobo” aus der Fieder vun der Christiane Kremer mat Illustratiounen vum Vincent Biwer. A kleng Päerdsgecken freeë sech bestëmmt iwwert “Dem Hutschy säin Dram” vun der Arlette Schroeder-Hansen, dat vun de Schüler vun der 12e “Auxiliaires de vie” aus dem Lycée Belval illustréiert gouf.

An der Erwuesseneliteratur dann, ass all Genre an all Sprooch vertrueden. Den 8te Band vum Lambert Schlechter sengem “Murmure du Monde” ass eppes fir Genéisser. “Les parasols de Jaurès” ass eng limitéiert Spezialausgab, numeréiert a vum Auteur signéiert. D’Opmaachung erënnert un e Moleskin-Carnet, mat engem sobere schwaarze Cover a Reproduktioune vun den handgeschriwwenen Originaltexter. Net just e Buch, mä éischter schonn e Konschtwierk.

E Konschtwierk ass och d’Illustratioun déi de Pit Wagner fir de Cover vun " De Mann, deen ëmmer laacht” geschaaf huet. Dem Jos Kayser säin drëtt Buch fält an d’A an den Text hält wat de Cover versprécht.

En ongewéinleche Cover ass och deen vun “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen”, dem éischte Wierk vun der Elise Schmit. Zwar ass deen, wéi bei alle Bicher aus dem Haus Hydre éditions, zimlech schlicht gehalen, mä duerch d’Spill mat dem ongewinnten Landscape-Format zitt en trotzdem all Blécker op sech. Och den Inhalt kann iwwerzeegen: fir hier Kuerzgeschichten war d’Elise Schmit jo och schonn am Concours Littéraire 2017 mat engem drëtte Präis ausgezeechent ginn.

Kuerz Texter fënnt een och an “Fresh from the Fountain - English writing in Luxembourg”. Net manner wéi 29 Auteuren hunn un dësem Projet vum engleschsproochege Verlag Black Fountain Press matgeschafft, ënner aneren de Lambert Schlechter, Tullio Forgiarini, Pierre Joris, Claudine Muno oder Jos Kayser awer och Jess Bauldry, Dylan Harris oder James Leader, fir déi Englesch jo d’Mammesprooch ass. English writing in Luxembourg, alive and well, kann een do nëmme soen.
An dat si se natierlech nach laang net all! Jean Back, Gast Groeber, Guy Helminger a vill anerer hunn och nei Bicher erausbruecht. Ganz besonnesch kann een sech och op “Kleine luxemburgische Literaturgeschichte” freeën, e Roman den de Georges Hausemer nach kuerz viru sengem Doud fäerdeggestallt huet. Méi doriwwer an nach vill aner Neiheeten gëtt et e Samschden géint véierel op 9 an eiser nächster Lecture vun heiheem.

De leschte Weekend waren zu Walfer nees d’Bicherdeeg, eng gutt Geleeënheet fir déi nei Publikatiounen vun dësem Hierscht z’entdecken. Wat dëser Deeg alles un neien, interessanten a liesenwäerte Bicher an de Librairien ausläit, dat huet d’Bea Kneip fir Iech zesummegestallt.

Back to Top
CIM LOGO