Am Trailer vum neie Film gesäit een eng Zauberin aus dem Ash-Clan. Si gëtt vun der Schauspillerin Oona Chaplin verkierpert, déi ee vläicht als Talisa aus der Hit-Serie Game of Thrones kennt. Am 3. Deel vun Avatar sollen zwee néi Clans agefouert ginn, bei deene sech alles ëm d’Element Feier dréint. Och an dësem Film gëtt d’Sully Famill virun nei Erausfuerderunge gestallt.
Kuerz zur Erënnerung: Am éischte Film ass den James Sully, gespillt vum Australier Sam Worthington, op dem fiktive Planéit Pandora gelant, fir d’Na’Vi Vollek ze studéieren. Hie soll den Na’Vi hiert Vertraue gewannen, fir eng wäertvoll Substanz um Planéit ze klauen. Den Jake verléift sech dann awer an d’Neytiri, eng Kriegerin aus dem Omatikaya Clan, déi vum Zoé Saldaña verkierpert gëtt. Hie gëtt seng mënschlech Form op an trëtt als Avatar dem Omatikaya-Clan bäi.
Am 2. Deel, “The Way of Water”, grënnt den Jake mam Neytiri seng eege Famill. De Motto vun der Famill Sully heescht: “Sullys stick together!”, also d’Sully Famill hält zesummen. Wéinst enger neier Bedroung mussen den Jake, d’Neytiri an hir Kanner d’Duerf an domadder och den Omatikaya Clan am Dschungel verloossen. Si flüchte Richtung Waasser, wou si Schutz beim Metkayina Clan fannen. Wéi den Titel vum 2. Film scho verréit, dréint sech hei alles ëm d’Element Waasser.
An engem Interview erkläert den James Cameron, datt hien dës Kéier eng donkel Säit vun dem Na’Vi Vollek un d’Liicht brénge wëll. Bis elo war et ëmmer esou, dass d’Geschicht Beispiller vu korrupten a béise Mënsche, an de friddlechen a gudden Na’Vi gewisen hunn. Avatar 3 dréit dat op d’Kopp.
Di 2 éischt Avatar-Film vum Realisateur a Visionär James Cameron hunn alle béid iwwert 2 Milliarden Dollar agespillt. Den 3. Epos an dëser Filmrei leeft zënter dëser Woch an de Kinoen, an dëse grousse Spektakel ass drop aus, all Box Office Rekorder ze briechen.
Nom Doud vum Neteyam zerbriechen d’Sullys bal un hirer Trauer. Mam Äsche-Vollek daucht awer eng nei Gefor op. Ugefouert vun der récksiichtsloser Varang, déi d’Feier unhimmelt, di si sech mam Colonel Quaritch zesummen, fir den Jake Sully ee fir alle Mol ëmzebréngen. Ma d’Sullys gi jo bekanntlech ni op an zesumme wäerten si och dës Kéier hire Planéit beschützen.
Avatar 3 : “Fire and Ash” stellt wuel eng faszinéierend nei Antagonistin vir, fillt sech fir de Recht awer éischter wéi eng recycléiert Geschicht vu sengem Virgänger “The Way of the Water” un an an deem Sënn ass seng Dauer vun 3 Stonnen a 17 Minutte schonn eng Erausfuerderung. Trotzdeem geléngt et dem James Cameron seng thematesch Exploratioun konsequent bis zum Schluss duerchzezéien.
Seng Kritik géint den Imperialismus ass ëmsou méi direkt an de Cameron konfrontéiert all seng Personnage weider mat der Notioun vum pueren Haass a weist wat déi Emotioun mat sech bréngt. Mat enger gewësser Konsequenz verweigert de Cameron all Kompromëss mam Béisen a liwwert domat eng Rei emotional staark Momenter déi di technesch impressionant Dimensioun vum Film ënnersträicht a verstäerkt. D’Verschmëlzung vu reellen Opnamen a Computer-generéierten Effekter erreecht hei en Niveau, deen et esou am Kino nach ni gouf an de Cameron wéist nees, datt hien eng formidabel an eenzegaarteg Fantasie huet, fir nei a spektakulär Welten ze schafen.