Bei engem Sträit an der Schoul gëtt dat jonkt Marielle vun engem anere Meedchen an d'Gesicht geschloen. D'Konsequenz dovunner ass méi wéi onerwaart. Alles, wat seng Eltere maachen a schwätzen, gesäit hat och. Der Teenagerin hir nei Fäegkeet geheit d'Liewe vun der Famill op d'Kopp.
Den Drock vun der totaler Transparenz dreift d'Eltere vun enger Iwwersprongshandlung an déi nächst. Wat als liicht Komedie ufänkt, gëtt ëmmer méi zu enger däischterer Farce. D'Decisioune vum Papp a vun der Mamm, déi vill rout Linnen iwwerschreiden, wierke mat Momenter awer ze vill forcéiert an onkohärent.
Trotzdeem wërft "Was Marielle weiß" vill interessant Froen iwwer d'Invasioun vun der Privatsphär op a weist, wéi wichteg d'Kommunikatioun fir d'Koppel an d'Famill ass.