De Film vun der WochThe Devil Wears Prada 2

Loïc Tanson
Virun 20 Joer koum mam Film THE DEVIL WEARS PRADA eng erfollegräich Komedie an de Kino, déi vum Liewe vun der "Vogue Magazine" hirer legendärer Editrice, der Anna Wintour, inspiréiert gouf. 
THE DEVIL WEARS PRADA 2
Virun 20 Joer koum mam Film eng erfollegräich Komedie an de Kino.

Zënter dëser Woch leeft déi laang erwaarte Suite an de Kinoen an de renomméierte Casting ëm d’Meryl Streep an d’Anna Hathaway ass integral nees zeréck fir de Spectateur an d’Welt vun der Moud an de Medie z’entféieren. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

Virun 20 Joer huet d‘Andy Sachs als Assistentin fir d’Miranda Priestly, di gefaarten an erfollegräich Editrice vum RUNWAY MAGAZINE, geschafft. Mëttlerweil ass d’Andy selwer eng reputéiert an engagéiert Journalistin. Wa si nom Verkaf vun hirer Zeitung ouni Aarbecht do steet, geréit si nees bei de Moudemagazin RUNWAY, wou d’Miranda mat enger Industrie kämpft, déi duerch Digitaliséierung, Influencer a nei Aarbechtskulturen ënner Drock steet. Gläichzäiteg laueren al Feinden drop, fir hir Revanche ze huelen.

THE DEVIL WEARS PRADA 2 brauch e Strapp bis e wierklech un d’Rulle kënnt. D’Expositioun vun enger dach simpeler Geschicht ass nawell laangwiereg, ma wann all di albekannte Personnagen sech nees um groussen Ecran zesummefannen, hëlt hir gewinnten Dynamik Schwong op. De Film funktionéiert virun allem duerch eng glamouréis Nostalgie a seng staark Besetzung ronderëm di wéi gewinnt excellent Meryl Streep an Anne Hathaway. Déi modern Aarbechtswelt gëtt hei ouni Ëmwee op d’Schëpp geholl an d‘Theme wéi d’Mediekris a Karriärdrock duerchlafen eng gutt rhythméiert Handlung wéi e roude Fuedem. THE DEVIL WEARS PRADA 2 ass deemno eng Suite, déi all den Erwaardunge gerecht gëtt an déi mat Momenter genee esou witzeg wéi emouvant ass.

Back to Top
CIM LOGO