D'Charlize Theron an den Taron Egerton stinn hei virun der Kamera vum islännesche Realisateur Baltasar Kormákur, dee sech iwwert d'Jore mat Filmer wéi EVEREST oder ADRIFT am Genre vum pueren Iwwerliewensthriller spezialiséiert huet. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.
D'Sasha gespillt vum Charlize Theron ass en Adrenalin Junkie. Nom trageschen Doud vun hirem Mann wärend enger Klamm-Expeditioun an de Bierger, zitt si sech an d'australesch Wildnis zréck, fir mat hirer Trauer eens ze ginn. Dës Rees entwéckelt sech awer séier zu engem brutale Kaz a Maus Spill, well d'Sasha gëtt zur Zilscheif vum Ben, dee sech e Spaass draus mécht op Mënschejuegd ze goen. Eng Juegd ouni Reegele fänkt un, wou nëmmen een iwwerliewe kann.
APEX ass en typesche Survival-Thriller, dee minimalistesch a senger Erzielstruktur ass an dee sech op eng simpel a linear Geschicht verléisst, fir Spannung opzebauen an opriicht ze erhalen. Hei spillt déi australesch Landschaft eng prominent Roll a gëtt séier zu engem eegene Géigner, dee permanent Gefor ausstraalt. Ganz am Geescht vum Genre vum Survival Film fokusséiert APEX sech haaptsächlech op dat kierperlecht Iwwerliewen an de psycheschen Drock, deen aus der extremer Situatioun entsteet. De Film orientéiert sech kloer u Klassiker wéi THE MOST DANGEROUS GAME, ouni dobäi vill nei Akzenter ze setzen.
D‘Charlize Theron bréngt eng emotional Déift an eng physesch Präsenz mat, déi eng dach schematesch Figur emotional glafwierdeg mécht, wärend deem den Taron Egerton mat enger animalescher Energie als gestéierten Antagonist iwwerzeegt.
APEX ass deemno en zolitte Streaming-Thriller fir e spannenden Owend ouni grouss Iwwerraschungen.