79. Editioun vum Filmfestival zu CannesDräi Lëtzebuerger Co-Produktioune sinn Deel vun der "Quinzaine des cinéastes"

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum 79. Filmfestival vu Cannes ass Lëtzebuerg nees op enger ganzer Rei Niveaue vertrueden.
© BENOIT PAVAN/Hans Lucas via AFP

Am Kader vun der Selektioun “La Quinzaine des cinéastes”, eng vum Filmfestival onofhängeg a parallel organiséiert prestigiéis Sektioun, sinn dräi Lëtzebuerger Co-Produktioune mat vun der Partie. Sou zum Beispill de Long-métrage “Dora” vun der südkoreanescher Realisatrice July Jung, deen an Zesummenaarbecht tëschent der Lëtzebuerger Produktiounsfirma “Les Films Fauves”, Frankräich a Südkorea entstanen ass.

Och vu Les Film Fauves matproduzéiert ass den argentinesch-lëtzebuergesch-kolumbianesch-däitsche Film “La Libertad Doble” vum Argentinier Lisandro Alonso.

Schlisslech ass an dëser Sektioun och “Death Has No Master” vertrueden, eng Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg (Deal Productions), Venezuela a Kanada. Realisateur ass hei de Venezuelaner Jorge Thielen Armand.

Am Kader vum “Marché du film” ass de Lëtzebuerger Long-métrage “Dead Dad Girl” vum Stephen Korytko fir de Showcase “PÖFF Goes to Cannes” selektionéiert ginn. Ze gesinn an der schwaarzer Coming-of-age-Komedie, déi ënner anerem vu Samsa Film co-produzéiert gouf, si Lëtzebuerger Schauspillerinnen a Schauspiller wéi de Luc Schiltz, d’Sophie Mousel an de Philippe Thelen.

Rollen a Filmer, Co-Produktiounen an Affichen-Design

Ma och anerwäerts wäert déi insgesamt 79. Editioun vum renomméierte Filmfestival Lëtzebuerger Representatioun hunn: Op der offizieller Affiche fir d’Compétition immersive vun dësem Joer ass d’Lëtzebuerger Kreatioun vu leschtem Joer “Ceci est mon coeur” vum Nicolas Blies a Stéphane Hueber-Blies vun der Lëtzebuerger Produktiounsfirma a_BAHN ze gesinn.

Am Film “Diamond” vum Andy Garcia, deen hors competition leeft, ass dann och d’Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps ze gesinn.

Dës weidere war Samsa Film och un der Produktioun vu “Full Phil” vum Fransous Quentin Dupieux bedeelegt an d’Affiche fir dës Editioun vu “La Quinzaine des cinéastes” kënnt vum Lëtzebuerger Grafiker Michel Welfringer.

Liest hei dat komplett Schreiwes vum Film Fong Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO