Film vun der Woch"Hoppers" vum Daniel Chong

Loïc Tanson
Mat "Hoppers" presentéiert de Realisateur Daniel Chong bei Pixar e Film, deen Humor, Emotiounen an en ekologesche Message verbënnt.
Film vun der Woch: "Hoppers" vum Daniel Chong
Mat “Hoppers” presentéiert de Realisateur Daniel Chong bei Pixar e Film, deen Humor, Emotiounen an en ekologesche Message verbënnt.

De Realisateur Daniel Chong, bekannt duerch d’Serie “We Bare Bears”, huet mat sengem Wiessel bei de renomméierten Animatiounsstudio Pixar eng nei filmesch Etapp agelaut. An engem Animatiounsstudio, dee fir visuell Innovatioun a staark Geschichte steet, konnt den Daniel Chong säin typesche Mix aus Humor an Emotiounen mam Film “Hoppers” op di grouss Leinwand bréngen.

D’Mabel ass gréisstendeels bei senger Groussmamm nieft engem Weier opgewuess, deen nëmme sou vun Déiere gewimmelt huet. Et ass bei deem Weier, wou d’Mabel sech am wuelste fillt an zu ënnerlecher Rou kënnt.

Wann de Weier awer Jore méi spéit soll wéinst der Konstruktioun vun enger Autobunn zerstéiert ginn, sicht d’Mabel no enger Léisung, fir d’Déieren an hiren natierleche Wunnraum ze retten. Duerch eng experimentell Technologie geléngt et dem Mabel, säi Geescht an e Biber ze transferéieren, fir esou mat den Déieren ze kommunizéieren a géint de Mënsch ze rebelléieren.

Wei all Pixar Film ass och “Hoppers” duerch eng typesch Mëschung aus Humor an Häerz charakteriséiert. Ma de Realisateur Daniel Chong versicht hei, nach eng Schëpp drop ze leeën: D’Iddi vum Anthropomorphismus gëtt als narratiivt Element benotzt, fir e staarken ekologesche Message ze vermëttelen.

Visuell ass “Hoppers” op héijem Niveau animéiert, mat engem Tempo, dee vill op Action setzt an awer Plaz léist, fir emotional Momenter. De Film ass eng liicht zougänglech, familljefrëndlech Geschicht mat enger déiwer an engagéierter Reflexioun iwwer d’Relatioun tëscht Mënsch an Natur.

Back to Top
CIM LOGO