
D’Schauspillerin Nadia Farès, déi a Frankräich an och international duerch de Film “Les Rivières pourpres” am Joer 2000 bekannt gouf, ass e Freideg am Alter vu 57 Joer gestuerwen. Si war virun enger Woch vu sech an enger Paräisser Schwämm fonnt ginn a louch zanterhier am Koma.
“Mat grousser Trauer deele mir mat, datt d’Nadia Farès dëse Freideg gestuerwen ass. Frankräich huet eng grouss Kënschtlerin verluer, mee fir eis ass et virun allem eng Mamm, déi mir verluer hunn”, sou hir Meedercher Cylia a Shana Chasman an engem Message geschriwwen, deen un d’AFP weidergeleet gouf. Si froen ëm “Respekt an Diskretioun” an dëser Trauerzäit.
D’Schauspillerin ass am Spidol La Pitié-Salpêtrière gestuerwen, wou si zanter e Sonndeg stationéiert war, nodeems si aus enger Schwämm an engem private Club an der Rue Blanche zu Paräis gerett gi war. Aussoe vun hire Meedercher no hat d’Schauspillerin am Virfeld vum Tëschefall e Malaise um Häerz.
Eng Enquête gouf an d’Weeër geleet, bis elo gouf awer keng Strofdot festgestallt.