Hannert dem Mëschpult: WazToo

© Arthur Ranzy
Mat iwwer 26.000 treien Nolauschterer op Spotify an enger Mass u gespillte Concerten, ass de WazToo ouni Doute ee vun de gréissten DJen zu Lëtzebuerg.
Dëst Joer feiert de WazToo seng 20 Joer am Business. Ugefaangen huet hien am Fong awer duerch Zoufall.
"Ech hunn ni elektronesch Musek gelauschtert, ëmmer just kommerziell Saachen. Iergendwann hunn ech eng Annonce um Computer gesi fir 'Turn-tables', also mat Placken och nach. Dat war eppes, wou ech gesot hunn: 'Oh, dat interesséiert mech, da keefs de dir dat eng Kéier'."

© Arthur Ranzy
Natierlech huet säi Museksstil iwwer d'Jore staark changéiert. Selwer beschreift hie säi Stil als "progressiven House mat EDM-Elementer", verfeinert mat hollänneschem "Hard Dance". Vue dass hien awer op esou ville verschiddene Plazen a fir esou vill verschidden Audienze spillt, wier et him wichteg, flexibel ze bleiwen a sech un déi jeeweileg Locations unzepassen.
"Ech plangen ëmmer alles. Ech hunn ee Set, wou ech soen, dee géif ech elo spillen an dann hunn ech een anere 'Bonus'-Folder, wou dann nach eng Kéier eng 40 Lidder dra sinn an op deen ech spontan zeréckgräife kann, wann et guer net méi geet oder ech gesinn, dass d'Leit net sou reagéieren, wéi ech mir dat virgestallt hunn."
An dës Technik schéngt ze funktionéieren. Iwwer déi lescht Joren huet hien nämlech schonn iwwerall opgeluecht: vum E-Lake Festival bis hin zum "Ministry of Sound" Club zu London.
"Déi Leit, déi elektronesch Musek gären hunn, kennen de 'Ministry of Sound', an do kënnt net jiddereen hin. Dofir gesinn ech dat scho bal als eng Éier, fir do ze spillen an dat kann een och net vergläiche mat anere Locations."

© Arthur Ranzy
Wärend dem Lockdown huet de WazToo och en neit Kapitel a senger Karriär opgeschloen a sech dem Produzéiere gewidmet, a mat Succès. Iwwer dat lescht Joer huet hien eng 11 Lidder op de Maart bruecht, dorënner "Can't forget you". Mat iwwer 380.000 Streams op Spotify eleng ass dat bis dato säi meescht gelauschtert Lidd. Entstanen ass et a Kollaboratioun mat der US-amerikanescher Sängerin Rochelle Diamante.
Allgemeng wier et him wichteg ëmmer rëm eppes Neies ze maachen. "Ech maache mir am Fong ni Gedanken, wéi laang ech dat maache wëll. Sou laang ech et ka maachen, maachen ech weider. Wann ech iergendwann doheem sëtzen an ech hu guer keng Iddie méi an ech hu keng Anung wéi ech mech weider entwéckele kann - well dat ass am Fong de sprangende Punkt - da soen ech och 'Äddi a Merci', mä do si mir elo mol nach net."