24 Stonne Vëlo Wëntger, dat ass eent vun deene gréisste Sportevents am Norde vun eisem Land. An dat schonn zanter 15 Joer.

All Joer trieden hei tëscht 900 an 1000 Cyclisten un déi sech, an Ekippe, iwwer 24 Stonne beim Zäitfuere matenaner moossen.

Summer-Agenda: 24 Stonne Vëlo Wëntger

D'Editioun 2023 start e Freideg, wéi de Carlo Weber, President vu 24 Stonne Vëlo Wëntger erkläert:

"E Freideg den Owend ab 19 Auer ass de Famille-Promi-Tuer, do ka jidderee matmaachen. Dat ass eng Streck vun zirka 3,5km, dat ass fir d'Kanner e bëssi ze begeeschteren, mat den Elteren, dee kann ee mam Vëlo maachen oder zu Fouss. Dat dauert dann 1 Stonn. An dann um 20 Auer ass dann dee grousse Start vum 24 Stonne Vëlo Wëntger."

Dëst Joer geet een Deel vum Erléis un d'Fondatioun "Kriibskrank Kanner" an aus deem Grond ass et dann och de Poldi, d'Maskottche vun der Fondatioun, deen de Startschoss vun de 24 Stonne Vëlo Wëntger mécht. Nieft dem Vëlo steet awer och vill Animatioun um Programm, an dat fir Grouss a Kleng.

"Et ass eigentlech 30 Stonnen Animatioun. Freidesowes geet dat Ganzt well lass mat de Kolleegen aus dem Kanton Klierf, d'Coverband Puzzels, eng Grupp déi hei spillt op der Bün an da geet dat sou virun. Animatioun mat DJen an da gëtt dat ab 3 Auer moies e bëssi méi lues a samschdesmoies geet et dann nees mat engem Kaffi un an dann ass eigentlech de ganzen Dag iwwer Animatioun, Mëttes fir d'Kanner an owes mam Stëmmungsorchester "Wa-Ta-Touille" mat enger grousser Arrivée op der Bün an enger After-Bike-Party mam DJ Al. Dat geet am Fong samschdes de ganzen Dag nonstop bis owes méi spéit."

Ganz couragéiert Cycliste fueren déi 24 Stonnen eleng an dat dann eben nonstop, ma fir déi manner geüübte Sportler kann ee sech an Ekippe vun 12 Leit umellen. Natierlech kann ee sech och enger Ekipp uschléissen, wann een net zu genuch ass.

"Leit, déi nach eng Ekipp sichen, sinn häerzlech wëllkomm an enger anerer Ekipp matzefueren. Déi Nofro ass och ganz grouss."

Umelle kann ee sech nach bis e Freideg de Mëtteg, dat fir e Startgeld vun 150 Euro, op der Internetsäit www.24hwentger.lu

Hei fënnt een dann och déi 6 verschidde Kategorië, fir déi ee sech umelle kann, souwéi nach eng Kéier de ganze Programm ronderëm dëse grousse Sportsevent am Norde vum Land.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: Maislabyrinth vum Park Sënnesräich
Den Tipp vun en Dënschdeg: Congés annulés an de Rotondes