D'Rout Léiwe spillen e Freideg den Owend hir drëtt Partie an der WM-Qualifikatioun.

Auswäerts waart mat Däitschland de Weltmeeschter vun 2014 op d'Rout Léiwen.

D'Interviewe virum Match mam Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro, dem Lëtzebuerger Nationaltrainer Jeff Strasser, dem däitschen Nationalspiller Serge Gnabry an dem däitschen Nationaltrainer Julian Nagelsmann fannt Dir an eisem Artikel. 

D'Partie kënnt Dir vun 20.15 Auer u live op RTL Tëlee, op RTL.lu, op RTL Play an um Radio suivéieren.
Um Platto sinn den Tom Flammang an den Eric Hoffmann.

Kommentéiert gëtt de Match vum Jeff Kettenmeyer an dem Marc Oberweis.

Sender:
RTL ZWEE
Ufank vun der Emissioun: 20h15
Ufank vum Match: 20h45
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 23h15

Mir iwwerdroen op RTL.lu an iwwer d'Appen de Programm vun RTL ZWEE

Och d'Kolleege vun RTL Infos sinn um Match mat dobäi. D'Partie Däitschland géint Lëtzebuerg mam franséische Commentaire vum Jérôme Didelot an dem Raphaël Ferber fannt Dir vun 20.30 Auer un hei.

De Kader vun de roude Léiwen

Golkipper:
Lucas Fox (1. FC Bocholt, Allemagne)
Anthony Moris (Al-Khaleej, Arabie Saoudite)
Tiago Pereira (Borussia Mönchengladbach, Allemagne)

Verteideger:
Dirk Carlson (SKN St. Pölten, Autriche)
Eldin Dzogovic (1. FC Magdeburg, Allemagne)
Laurent Jans (SK Beveren, Belgique)
Seid Korac (Venezia, Italie)
Enes Mahmutovic (NAC Breda, Pays-Bas)
Marvin Martins (FC Winterthur, Suisse)
Vahid Selimovic (FC Hermannstadt, Roumanie)
Eric Veiga (Flamurtari FC, Albanie)

Mëttelfeldspiller:
Leandro Barreiro (SL Benfica, Portugal)
Florian Bohnert (SC Bastia, France)
Tomas Cruz (SL Benfica, Portugal)
Christopher Martins (Spartak Moscou, Russie)
Mathias Olesen (Greuther Fürth, Allemagne)
Olivier Thill (FK IMT Belgrad, Serbie)
Sébastien Thill (Stal Rzeszow, Pologne)

Stiermer:  
Kenan Avdusinovic (Progrès Niederkorn, Luxembourg)
Yvandro Borges Sanches (Heracles Almelo, Pays-Bas)
Alessio Curci (Neftchi PFK, Azerbaïdjan)
Aiman Dardari (FC Augsburg, Allemagne)
Edvin Muratovic (Odra Opole, Pologne)
Danel Sinani (FC St. Pauli, Allemagne)

D'Resultater vun der WM-Qualifikatioun

D'Tabellen