Congés annulés an de Rotondes

Congés annulés, sou den Numm vum mëttlerweil feste Rendez-vous vun de Rotondes wärend de Summerméint. Dëst Joer geet de Festival da well a seng 15. Ronn.
D'Iddi hannendrun ass et, de Leit, déi de Summer iwwer am Land sinn, d'Méiglechkeet ze bidden, nei Musek ze entdecken an dat an enger Zäit, an där soss kulturell vläicht e bëssi manner lass ass.
De Festival "Congés annulés", dat si 27 Deeg Programmatioun en continu mat am Ganzen 42 Bands, dovunner 22 internationaler an 20 Bands aus Lëtzebuerg. Donieft stinn awer och nach 28 DJ-Sets um Programm, eng Projektioun vun engem Museksdocumentaire an eng kleng Bourse aux disques. Dëse Freideg ass d'Ouverture vum Festival an do stinn direkt 3 Acts um Programm. D'Véronique Heitz vun de Rotondes:
"Lass geet et mat Francis of Delirium. Si hunn dëst Joer d'Éier de Festival opzemaachen. No hinne steet déi japanesch Artistin Haru Nemuri a fir den Owend richteg ofzeschléissen, wäerte Fat Dog richteg Stëmmung maachen. Deenen hiir Live-Shows sinn op alle Fall derwäert."
All Dag geet et schonn um 18 Auer lass, dat um Parvis mat engem DJ-Set fir gemittlech an den Owend ze starten. Wat d'Programmatioun ugeet, misst fir jiddereen eppes derbäi si well et geet musikalesch queesch duerch de Gaart:
"Sonndes den 30. Juli stinn zum Beispill 'A Place To Bury Strangers' op der Bün, dat ass definitiv ee vun eisen internationalen Headliner bei dëser Editioun an dat ass op alle Fall ze recommandéiere fir Leit, déi gären hunn, wann et e bëssi méi haart kléngt. Den Dag drop ass eng EP-Release um Programm an zwar vun engem lëtzebuergeschen Duo ENGLBRT a si hunn als Support Artaban dobäi."
Bis den 23. August kritt een hei e ganz ofwiesslungsräiche Museksprogramm gebueden. De ganzen Agenda mat sämtleche Bands, déi optriede wäerten, fannt Dir um Site vun de Rotondes. Hei kënnt Dir dann och direkt Är Tickete kafen.
Hei en Iwwerbléck iwwert de komplette Line-up:
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Maislabyrinth vum Park Sënnesräich