An der WM-Qualifikatioun trëfft d'FLF-Selektioun um 20.45 Auer op Däitschland. Den designéierte Favorit dierf sech dobäi keng Feeler erlaben.

Futtball-WM-Qualifikatioun Preview

Trotz zwou Defaiten an den zwou éischte Partië géint Nordirland a géint d’Slowakei, sinn d’Rout Léiwe fir d’Suite an och fir de Freidegowend optimistesch. De Kader ass quasi komplett. De wichtegen Danel Sinani feelt allerdéngs gespaart, an den Yvandro Borges Sanches ass kuerzfristeg um Knéi blesséiert.

Natierlech ass d’Nummer 12 op der Welt den objektive Favorit, mee och déi Däitsch hate géint d’Slowake verluer. Si hate sech géint Nordirland erholl, mee trotzdeem ass den Drock extrem héich bei eisem Noper, dee sech kee Faux-Pas dierf erlaben. Vläicht kënnen eis Rout Léiwen dovu profitéieren. Den Nationaltrainer Jeff Strasser:

"Et wär schéin, wann een do nach kéint profitéieren, natierlech. An dat soll och en Zil vun eis sinn. Mir wëssen awer och, dass eis am Fong am Moment an der Grupp dee stäerkste Géigner erwaart. E Géigner, deen an dëser WM-Qualifikatioun e Match verluer huet, wat fir jidderee verwonnerlech war."

Den Däitschen Nationaltrainer Julian Nagelsmannweess, wien de Favorit ass, mee kennt d'Qualitéite vun der FLF Selektioun.

"Generell, wa mir eis Performance ofruffen, si mir déi besser Ekipp, awer ech hunn et scho méi dacks gesot, d'Lëtzebuerger Ekipp mécht dat ganz gutt, de Jeff Strasser huet do gutt Iddien, huet e gudden Drive erabruecht. Si hunn an zwee Matcher, grad géint d'Slowakei, gutt gespillt an hätte bal misste gewannen éierlech gesot."

Och de Serge Gnabry vu Bayern München ënnerschätzt d’Rout Léiwen net.

"Qualitéit hu se. Ech mengen, mir wäerte si net ënnerschätzen, mir däerfen et net. Géint d'Slowakei hu mir elo béid verluer, dat heescht natierlech, mir mussen béid punkten. Mir hunn de Match ofgehaakt, mir ginn elo mat neiem Mutt, neiem Elan an de Match géint Lëtzebuerg."

Wann de Jeff Strasser eng Relatioun huet mam Julian Nagelsmann, well si viru ronn 10 Joer den Trainerschäin zesummen gemaach hunn, dann huet och de Serge Gnabry eng Relatioun mat Lëtzebuerg. Als Kand war hie mat Stuttgart beim Jeff Strasser Cup zu Munneref.

"Jo, dat ass scho laang, laang hier. Ech weess net méi wéi mir ofgeschnidden hunn, awer ech weess nach, dass mir en Turnéier zu Lëtzebuerg an der U13 haten. Ech weess net grad ob de Jo Kimmich dobäi war. Ech menge jo, awer ech hunn nach e puer Biller am Kapp vum Turnéier."

De Fait, datt et e ganz spezielle Match ass fir d’Rout Léiwen an hir Supporter, weist d’Tatsaach, datt déi ronn 2.400 Ticketen, déi zur Verfügung stoungen, zimmlech séier ënner de Leit waren.

Fir de Leandro Barreiro, deen elo bei Benfica Lissabon spillt a ronn 8 Joer zu Mainz aktiv war, ass et e ganz spezielle Match. Hien an seng fréier Matspiller provozéiere sech op eng sympathesch Manéier een deen aneren.

"Scho säit Méint freeë mer eis op de Match. Dat ass och eng Freed, dass dann sou vill Leit och sech auswäerts deplacéieren. A mir wäerte weiderhin als Ekipp alles dru maachen, fir nach méi Fans unzezéien an dat sou bäizehalen, wéi et am Moment ass."

Fir eng Chance ze hunn den Owend, gutt auszegesinn, muss déi Lëtzebuerger Nationalekipp e bësse méi d’Gléck op hirer Säit hu wéi dat an der Partie géint d’Slowakei de Fall war.

Op RTL 2 an RTL Play, grad ewéi um Radio, kënnt Dir d’Partie live suivéieren.