Keramik-Workshop zu Stengefort

Eisen Tipp vun en Donneschdeg ass eppes fir Leit, déi nawell gäre mol kreativ ënnerwee sinn.
De regionalen Tourismusverband Guttland organiséiert, zesumme mat "Pause Art", e Keramik-Workshop zu Stengefort an dat direkt op 2 Datumer.
E Mëttwoch den 2. an och 30. August kann een hei e mol bëssi aneren Afterwork erliewen. Dat jeeweils vun 18 bis 20 Auer. Wat hei um Programm steet, weess d'Katrin Maus vum regionalen Tourismusverband Guttland:
"Et kritt een e Keramik zur Verfügung gestallt an dee kann een no Loscht a Laun bemolen an dekoréieren, dëst an engem amüsante Kader an enger gemittlecher Ronn, wou een dann zu méi sëtzt."
D'Christine, dat de Workshop leet, steet Iech déi 2 Stonnen iwwer mat Tipps an Tricks zur Säit. A wann Dir da bis fäerdeg sidd mat ärem Konschtstéck, da gëtt dat Ganzt an engem speziellen Uewe sur place gebak, fir d'Faarf ze fixéieren, sou dass Dir dëst herno am Alldag gebrauche kënnt. Den Atelier adresséiert sech un Erwuessener, déi einfach e bëssi ofschalten a sech artistesch austobe wëllen.
"Et muss een elo net enorm kënschtleresch begaabt sinn, mee et kann ee senger Kreativitéit fräie Laf loossen. Dobäi kann ee vu sengem stressegen Alldag erofkommen an och entspanen."
A fir dass och bei kengem de Bauch ufänkt ze grommelen a keen Honger leide muss, gi wärend dem Atelier Tapas ugebueden.
Umelle fir dësen Atelier kënnt Dir Iech beim regionalen Tourismusverband Guttland.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Maislabyrinth vum Park Sënnesräich
Den Tipp vun en Dënschdeg: Congés annulés an de Rotondes
Den Tipp vun e Mëttwoch: 24 Stonne Vëlo Wëntger