3. Phas vun der Expo "Voie 15" an de Rotonden

© Didier Weber
Op ville Plazen dréint et am Summer e bësse méi lues, d'Rotonden sinn awer héich aktiv. Nieft de Congés annulés gëtt et aktuell eng flott interaktiv Expo.
Rieds geet vun der Expo "Voie 15", en Numm, deen eng Rei Froen opwërft.
An dobäi ass d'Erklärung ganz einfach. Am Fong ass d'Voie 15 eng grouss, participativ Installatioun, wou d'Gare vu Lëtzebuerg, déi jo direkt nieft de Rotonden ass, vergréissert gouf, andeems een an enger vun de Rotonden en Zuchquai nogebaut huet - dat mam ganze Mobilier a mat de Schinnen, alles quasi an original Gréisst. D'Véronique Heitz, Pressespriecherin vun de Rotonden:
"Déi ganz Elementer waren uganks ganz wäiss an de Public ka sech dorobber kreativ austoben an drop zeechnen oder drop taggen. Bei all Phas si weider Elementer dobäi komm. Nom Quai war et fir d'Phas 2 eng Lokomotiv an elo fir déi 3. Phas vun der Installatioun sinn d'Schinnen an de Quai souguer bis eraus op de Parvis verluecht ginn. An esou sinn dann nach nei wäiss Elementer dobäi komm, déi am Fong just drop waarden, dass de Public seng Spueren drop hannerléisst."
Wärend deenen zwou éischte Phase sinn hei well méi wéi 2.000 Visiteure passéiert: E ganz diverse Public, vu Familljen, Jonker iwwer Graffiti Artisten a Leit aus dem kreative Milieu.
D'Expo ass all Dag zougänglech an et kann een och zu all Moment selwer do Hand uleeën. Ma elo iwwert de Summer gouf sech awer och nach e Programm do ronderëm virgesinn:
"Fir d'Opening an och fir d'Closing Night vun de Congés annulés war an ass Live Painting. An dann hu mer awer och all Donneschdeg Owend eng Chill&Draw-Session an dat sinn am Fong Sessiounen, déi mir fir Erwuessener ubidden, sou dass si Owes tëscht 19 an 21 Auer kënne laanscht kommen, wann all Kéier een oder eng Artistin op der Plaz ass, déi dann "en direct" eng Fresk maachen an awer och Rotschléi ginn de Leit, déi vläicht net onbedéngt direkt wëssen, wéi si sech sollen uleeën."
Dësen Donneschdeg ass dat d'Artistin Mélanie Humbert, nächst Woch dann de Loïc Lusnia an déi lescht Woch ass d'Marie Lavis do.
Rendez-vous deemno nach bis den 23. August mat Mupp, Kaz, Kand a Mann bei de Rotonden, fir sech do kënschtleresch auszeloossen.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Fliedermais am Ellergronn
Den Tipp vun en Dënschdeg:Kloteren a schlofen an de Beem
Den Tipp vun e Mëttwoch:After-Work mat de Mille Giedelen