Post History T'Our Night Edition

De Post History T'Our ass net just eng geféiert Wanderung, mä vill méi en Andauchen an d'Geschicht vum 16. Joerhonnert ronderëm den Aasselbuerer Post Relai
Aasselbuer war nämlech deemools déi eenzeg Postreider Statioun hei am Land a louch als Relais-Statioun tëscht dem däitschen Arzfeld an dem belsche Mischamps.
Dat Ganzt ass op Initiativ vu 5 Guidë vum regionalen Tourismusverband Éislek zesumme mam Naturpark Our entstanen. Ee vun dëse Guiden an och Personnagen an der Geschicht, déi hei presentéiert gëtt, ass d'Jeannette Bechthold. Si erkläert, wat een hei genee erwaart:
"D'Leit begéinen Zäitzeien aus där Zäit an erliewe spannend, awer och lëschteg Momenter aus dem Alldag vun engem Postreider vu viru 500 Joer. Eng Wanderung fir Grouss a Kleng an enger wonnerschéiner Natur."
Nieft verschidden Datumer elo am August, wou een déi geféiert Wanderung am Dag erliewe kann, gëtt et dëse Sonndeg eng special Edition, an zwar als Nuetswanderung:
"Déi Nuetswanderung ass vun 18 bis ongeféier 21 Auer, vläicht och e bëssi méi laang, well nuets geet een net sou schnell. Dat ass vläicht och e bëssi méi spannend, well et méi däischter ass an een alles anescht wouerhëlt."
D'Wanderung dauert ongeféier 3 Stonnen:
"Et ass en Tuer vu 5 Kilometer an de Schwieregkeetsgrad ass einfach bis mëttelschwéier. Et soll ee fest Schongwierk an dem Wieder ugepasste Kleedung undoen."
Et soll een dann och eng kleng Täscheluucht apaken. Den Tour adresséiert sech u jiddereen. Allerdéngs sollt een nach gutt ze Fouss sinn a weder an der Poussette nach am Rollstull sëtzen.
Umelle kann ee sech um Site vu Visit Éislek.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Shinrin yoku - Waldbaden mat engem Bëschguide
Den Tipp vun en Dënschdeg:"To bee or not to bee" zu Biekerech
Den Tipp vun e Mëttwoch:Performance-Brunch "Patati Patata"