En Haus huet sech an eng Ausstellung verwandelt
18 Artisten, vun all Genre, notzen hei d'Raimlechkeete fir hir Konschtwierker ze weisen.
D'Iddi war et awer net e klassesche Vernissage ze organiséieren, mä dëst iwwer e puer Weekender ze verdeelen an esou en Event mat Musik, Iessen a Gedrénks draus ze maachen. D'Initiative kënnt hei vum Thierry Schmitz an hien huet eis dann och duerch d'Haus zu Beetebuerg gefouert, fir esou en Abléck an d'Kollektivexpo ze kréien.
De 9. an de 16. Juli kann ee bei dësem Event nach dobäi sinn. Méi Informatioune fannt Dir och op der Facebooksäit Beautiful Decay.
D'Kënschtler déi dobäi sinn:
Jonah Bache
Marc Donven
Raphael Gindt
Ayrton de la Hamette
Assy Jans
Andrée Jacoby
Daniel Lloyd
Oh Mamie
Irina Moons
Mik Muhlen
Jeff Poitiers
Yvette Rischette
The Sanctobin Brothers
Fritzie Schintgen
Thierry Schmitz
Lynn Theisen
Romain Waltener
Alain Welter