Am Kader vu sengem 85. Gebuertsdag huet de Lëtzebuerger Kënschtler Arthur Unger am H2O seng Wierker ausgestallt.

Markant fir den Arthur Unger, hie vermëscht a senge Wierker Feier a Waasser. Engersäits moolt hien mat Encre de Chine, an anerersäits mat Feier op Kofferblieder. Eng Technik, déi hien an de 70er Jore selwer erfonnt huet.

Am Kader vu sengem Gebuertsdag war am Espace H2O zu Uewerkuer d'Expo "Les Yeux de ma Mémoire" ze gesinn, déi en Abléck an dem Arthur Unger seng Konscht gëtt. A wien wëll, kann en Dënschdeg den Owend vun 18 Auer un, zesummen mam Arthur Unger, am H2O säi Gebuertsdag feieren an eng lescht Kéier d'Expo kucken.

VIDEO: Expo "Les Yeux de ma Mémoire" vum Arthur Unger
Am Kader vu sengem 85. Gebuertsdag huet de Lëtzebuerger Kënschtler Arthur Unger am H2O seng Wierker ausgestallt.